Schluss mat der LangweilHeimat kënnt d'Loscht op Sex zeréck!

Owes freet ee sech fir an d’Bett a séier ass een ageschlof. D'Zäit mam Partner kënnt do dacks ze kuerz.

Leschten Update: 27.11.2019, 11:22:20

© Pexels

Wat mécht ee wann doheem am Bett absolut näischt méi leeft? Déi schéi Stonnen zu 2 ginn am Stress vum Alldag ënner an d’Bezéiung muss dorënner leiden.

Wichteg ass et net ze verzweiwelen. Dat läit weder um Partner, nach un engem selwer. Et muss ee sech ëmmer bedenken, dass een e Mënsch ass a keng Maschinn.

Et gëtt kee Problem deen net ze léisen ass. D’Natur huet eis nämlech e puer ganz interessant Saachen zur Verfügung gestallt, déi engem hëllefe kënnen, d’Libido nees op Touren ze kréien.

Ugefaange mam Ingwer. Déi liicht schaarf Knoll, déi mer quasi iwwerall ze kafe kréien, reegt de Stoffwiessel un a fërdert d’Duerchbluddung, iwwregens och am Intimberäich.

Den nächsten Tipp gëllt éischter fir d’Männer. Déi eng eekele sech virdrun an anerer empfannen et als e Genoss an zwar Austeren. Duerch den héijen Undeel un Zénk begënschtegen d’Austeren d’Testosteronbildung a steigeren d’Loscht.

Den nächsten Tipp a bei wäitem net dee bëllegsten, sinn d’Trüffen. Déi bréngen déi positiv Eegenschaft mat sech, dass se d’Produktioun vum Sexualwirkstoff "Androstenol" an d’Luucht dreiwen. D’Verlaangen op den intime Kontakt gëtt also méi grouss.

An zu gudder lescht nach de Schockela. Dësen enthält nämlech de Signalstoff Phenylethylamin, dee kuerz gesot, d’Loscht op Sex erhéije kann.

Lauschtert eran