Klimaschiedlecht FléienAss Klimaneutralitéit am Fluchverkéier méiglech?

Fir vill Wëssenschaftler ass den internationale Fluchverkéier eng Katastroph fir d'Klima. Ma wat sinn d'Méiglechkeete fir den Impakt ze reduzéieren?

27.11.2019, 12:00:46

© Eldoradio

Net eréischt zanter der Fridays For Future-Beweegung ass kloer, dass nieft Fabricken, Autoen a Massendéierenhaltung d'Fléien ee vun de gréisste Klimakiller ass. Ma esou richteg kënnt een net hannert d'Problematik, nach ginn et keng Elektro-Passagéierfligeren, d'Zuel vun de Flich klëmmt all Joer an d'Alternativer sinn dacks däitlech méi lues a méi deier. Ma ass et iwwerhaapt méiglech mat engem Fliger klimaneutral ënnerwee ze sinn, oder bleift de Fluchverkéier a Saache Klimaschutz stiechen?

CO2-neutral oder klimaneutral?
Et wäert nach e bëssen daueren, bis Fligeren, besser gesot grouss Passagéierfligere mat Elektresch kënne fléien. Ma wat kann een dann iwwerhaapt maachen, fir dass d'Fléie wéinstens e bësse manner ëmweltschiedlech ass?

Déi britesch Bëllegfluchgesellschaft Easyjet huet virun e puer Deeg ugekënnegt an Zukunft wëlle komplett klimaneutral ënnerwee ze sinn, d.h. et wëllt ee fir all Fluch Sue fir Klimaschutzprojeten an der ganzer Welt ausginn, eng 29 Millioune sinn esou fir d'nächst Geschäftsjoer geplangt. Ma et misst een an deem Sënn éischter CO2-neutral soen amplaz klimaneutral, d'Gesellschaft gläicht nämlech nëmmen den CO2-Ausstouss aus, an net aner Gasen an Auswierkungen an de Montant ass donieft och relativ niddereg.

Emssiounskompensatioun als Marketing-Trick?
Och bei anere Gesellschaften ass et scho méiglech, seng eegen Emissioune vun Zäregase mat Suen ze kompenséieren, dat selwecht bei speziellen Organisatiounen, z.B. bei myclimate oder atmosfair.

Allgemeng bezilt een do awer méi, wéi bei de Fluchgesellschaften, déi an der Kritik stinn, d'Kompensatioun als eng Zort Marketingstrategie ze benotzen. Ma wier et net méi einfach, d'Emissioune schonn direkt un der Quell ze reduzéieren?

Alternative Sprit a verbessert Fluchrouten
Och doru gëtt geschafft, z.B. mat alternativem Kerosin, deen also net aus Äerdueleg hiergestallt gëtt. Esou gëtt de Moment d'Hierstellung vu Kerosin aus Biomass oder mat Hëllef vu Wand- a Sonnenenergie getest.

Norwegen wëllt esou schonn 2020 ufänke klimaneutrale syntheteschen Ueleg aus deem een dann och Bensin an Diesel kéint hierstellen industriell ze produzéieren.

Eng weider Méiglechkeet wieren awer och verännert Fluchrouten, déi d'Auswierkung vu Kondensträifen op d'Äerderwiermung kéinte reduzéieren. Dofir kéint ee Fligere ronderëm déi Regiounen an der Atmosphär deviéieren, wou Kondenssträifen déi gréissten Auswierkung hunn.