Sido an der RockhalDo hat een "Bock op Lëtzebuerg"!

De Pappa vum Hip-Hop huet um Dënschden den Owend an der Rockhal iwwerzeegt.

Leschten Update: 27.11.2019, 12:21:24

© Eldoradio

"Säi Concert war den absoluten Highlight"
"Wat en Owend"
"Beschte Concert vum Joer"
"Wow, sou geflasht"

Dat si just e puer Stëmmen nom Concert vum Sido an der Rockhal. De Pappa vum däitschen Hip Hop huet vun der éischter Minutt un iwwerzeege konnten.

© Eldoradio


Scho virum Concert, am Interview mat ons huet de Sido bewisen dass hien eng Meenung huet. Hien ass zwar ultra lässeg, léisst sech net sou séier aus der Rou bréngen, huet awer seng Usiichten an déi deelt hien och gäre mat.

Wat géif de Sido maache wann hien 1 Dag Kanzler kéint sinn?

Et ass e Kënschtler dee sech weider entwéckelt huet. Grad am Hip-Hop Genre en net ëmmer ganz einfache Spagat. De Sido huet et fäerdeg bruecht! Ganz egal op een seng Lidder virun 10 Joer gefeiert huet oder net, et war een um Dënschden Owend iwwerrascht wéi vill Songs een tatsächlech matsange konnt! An dat gouf dann och gemaach!

© Eldoradio


De Public huet deelweis méi wéi 3 Stonnen op de Berliner gewaart.

De Sido sëlwer mécht dat wou hie Bock drop huet. Hien hat Bock op Tour, Bock op Lëtzebuerg. Dat huet ee mat all Song gemierkt. Och dass hien ëmmer méi a senger Roll als Mentor opgeet huet de Sido bewisen. Sou si vill vu senge Features op d'Bühn komm, eppes wat dem 38 Joer alen immens wichteg ass!

De Sido liebt et dann och LIVE op der Bühn ze stoen!

© Eldoradio


De Sido huet sech awer net just weider entwéckelt, hien ass och méi al ginn. Dat huet hie selwer am Interview zou ginn a verstoppt sou och net dass hie fréier virum Concert gäre mol ee gebechert huet. Wat fréier de Jägermeister war ass haut den Téi an de Physiotherapeut deen de Sido iwwregens op senger ganzer Tour begleet an ëmmer virum Gig nach eng Kéier gutt duerch masséiert.

Eng excellent Stëmmung, en Public deen de Sido um Enn guer net goe wollt loossen, e perfekte Concertsowend!

4,5 vu 5 Stären!

Natierlech ware mer och mam Mikro op der Plaz an hunn d'Leit gefrot, wéi si de Concert fonnt hunn.

Lauschtert eran


Klickt hei fir all d'Fotoe vum Concert!

© Eldoradio