City BreakfastDe Schock sëtzt nach ëmmer déif

Nom trageschen Accident um Knuedler gouf de Winterlights-Programm an der Uewerstad adaptéiert an deelweis aus Respekt zeréckgefuer.

Leschten Update: 27.11.2019, 17:00:37

© Eldoradio

Wéinst dem trageschen Accident um Knuedler ware jo de Méindeg all d’Mäert an d’Evenementer am Kader vum Winterlights-Festival annuléiert ginn, dofir gouf de Programm elo adaptéiert. De Schock géif nach ëmmer déif sëtzen an d’Betraffenheet wier grouss, dofir hätt een d’Animatioun an der Uewerstad erofgefuer, esou Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwochmueren.

Chrëschtmäert zoumaachen ass keng Optioun
Verschidden Animatioune ginn deemno annuléiert oder zeréckgefuer. Et hätt ee bewosst drop verzicht, fir d'Chrëschtmäert an der Stad komplett ofzesoen, et géife jo vill Existenzen dorun hänken an et hätt een och eng Responsabilitéit géintiwwer deenen, déi hir Suen op de Chrëschtmäert verdéngen.

Grad op der Gare wéilt een déi verschidden Animatiounen, déi virgesi ware bäibehalen, esou d'Buergermeeschtesch. Dat net zulescht well wéinst de Chantieren a wéinst der Drogekriminalitéit d'Situatioun am Garer Quartier souwisou net déi einfachst wier.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

"Fort Neipperg" an "Fort Wedell" déi 1. Stonn gratis
Weider ass et och ëm d’Parkingen op der Gare gaangen. Vun de Freideg u sinn d’Parkingen "Fort Neipperg" an "Fort Wedell" op der Gare déi éischte Stonn gratis, dat bis de 25. Dezember. De Stater Schäffe Patrick Goldschmidt huet et och e Geheimtipp fir déi genannt, déi wëllen op d’Mäert an der Uewerstad kommen.

Och d’Wanteraktiounen an déi verschidde Strukture fir Leit ouni Daach iwwer dem Kapp waren Thema. An deem Sënn huet Lydie Polfer de Mataarbechter Merci gesot. Et war dann och de Rappel, elo virum Wanter, dass wann et sollt fréieren oder schneien, all Awunner verflicht ass, fir den Trottoir viru senger Dier fräizemaachen.

Terrain am Stade Josy Barthel gouf nei gemaach
An der Lescht ass jo och vill ëm de Stater Commerce gaangen. An deem Sënn huet den éischte Schäffe Serge Wilmes gesot, dass déi 2 Pop-Up-Storen an der Philippsgaass bis Enn Abrëll op sinn. Een dovu beschäftegt sech mat Lego an dem ganze Rezept ronderëm, deen anere mat Kleeder aus Japan a Südkorea. 

Ganz um Enn huet et nach geheescht, dass den Terrain am Stade Josy Barthel gemaach ass. E Mëttwochmuere ginn d'Linnen agezeechent. E Gromperefeld wier et awer op all Fall net méi, esou de Serge Wilmes nach. En Donneschdeg spillt den F91 Diddeleng jo géint APEOL Nikosia. De Match ass um 21 Auer.

Bleift nach ze soen, dass vum 1. Dezember un bis den 22. Dezember mat déi 4. Sonndeger viru Chrëschtdag d'Butteker an der Stad op sinn. De Freideg, also um Black Friday sinn d'Butteker iwwerdeems bis 20.00 Auer op.