"La Casa de Papel"Weider Staffelen + Spin-Off geplangt?

Déi erfollegräich Serie soll op d'mannst eng weider Staffel kréien. Vun engem Spin-Off geet och riets.

Leschten Update: 27.11.2019, 11:57:57

© YouTube Screenshot

+++ SPOILER ALERT +++

.

.

.

.

.

.

.

.

.

Déi drëtt Staffel vun "La Casa de Papel" ass matten an engem Iwwerfall op eng Bank op en Enn gaangen. Froen ëm d'Suite vun der Geschicht a wat aus de Figuren - virun allem aus dem Nairobi an och Lissabon - gëtt, léisst verschidde Fans wuel ganz wëll Theorien opstellen. Vläicht kréie si méi séier wéi geduecht Äntwerte geliwwert. Well: Net just eng 4., mee souguer eng 5. Staffel soll geplangt sinn. Wéi de spuenesche Magasinn "Fórmula TV" geschriwwen huet, soll de Produzent dës Fortsetzungen ugekënnegt hunn.

Vun Netflix selwer koum dozou awer bis ewell nach keng Confirmatioun. Weider huet e Spriecher vun der Produktiounsfirma "Vancouver Media" am Interview mat "Fórmula TV" confirméiert, datt Netflix zwou weider Staffelen an Optrag ginn huet. D'Dréiaarbechte fir d'Staffel 5 géifen am Januar ugoen, de Release kéint am September 2020 sinn. Donieft geet och vun engem Spin-Off vun "La Casa de Papel" riets. Hei ginn et awer soss leider keng weider Informatiounen. Mir sinn op alle Fall gespaant, wat kënnt...