Héich Zäit fir e Karaoke-OwendSange mécht glécklech a gesond

Et séngt dach jidderee vun eis ënnert der Dusch! Ob dir all Toun trefft oder schif sangt, spillt dobäi keng Roll: Sange mécht glécklech a souguer gesond!

28.11.2019, 09:34:02

© Unsplash

Dir sidd reegelméisseg vum Alldag gestresst a fannt einfach kee Wee erofzekommen? Sidd dir fir ze meditéieren einfach ze wibbeleg? Da sicht iech bei YouTube eng Karaoke-Versioun vun ärem Liblingslidd a sangt esou, wéi wann et bei "The Voice" em alles géif goen!


Schonn no 20 Minutte Gesang spiert dir, wéi sech de ganze Kierper entspaant. De Stress ass wéi ewechgeblosen, ewechgedréckt vum Glécksgefill.


Mee firwat huet Sangen esou e groussen Effekt op eis Stëmmung? Well Endocannabinoiden ausgeschott ginn. All eis Suerge wierken op eemol vill méi kléng.

Och eis Gesondheet profitéiert: Eis Ootmung gëtt besser an eise Kreeslaf gëtt ugekuerbelt well méi Sauerstoff era kënnt. En Experiment um Imperial College zu London huet souguer gewisen, dass d’Immunsystem verbessert gëtt an een esou éischter enger Gripp aus dem Wee geet.

Eleng ënnert der Dusch sangen ass zwar déi sécher Variant. Wien sech awer traut mat aneren, z.B. an engem Chouer, ze sangen, dee kritt ee richtege Glécks-Kick. Wa jiddwereen dat selwecht séngt, ass d’Ootmung och synchron.

Lauschtert hei de ganze Reportage

An och d’Häerzer schloen op eemol d’nämmlecht. Zwar net genau identesch, mee jee no Lidd gläichzäiteg méi séier oder méi lues. Dir sidd also op der selwechter Wellelängt, fillt iech esou mat deenen anere verbonnen an dat mécht eis Mënschen als soziaalt Wiesen ebe glécklech.

Wie reegelméisseg séngt, profitéiert am meeschten dovun. Ob der richteg sangt, spillt dobäi Gott säi Dank keng Roll.