NewsIwwer 250'000 Visiteuren dëst Joer an der Rockhal

D'Lëtzebuerger maachen ënnert deenen, déi an d'Rockhal ginn d'Majoritéit aus, duerno kommen d'Visiteuren aus Frankräich, dann Däitschland an der Belsch.

Leschten Update: 27.11.2019, 18:01:16

© Eldoradio

De Mëttwoch hunn déi Responsabel vun der Rockhal de Bilan vun der Saison 2018/2019 gezunn. 256'754 Visiteure goufen bis elo dëst Joer gezielt. 2018 waren et der 254'786.

Déi meeschte Visiteure kommen iwwerdeems aus dem Grand-Duché, nach viru Frankräich, Däitschland an der Belsch.

206 Evenementer goufen 2019 an der Rockhal organiséiert. 103 Lëtzebuerger Bands sinn an der Rockhal opgetrueden, sief et mat eegener Show oder als Support Act.

Weider huet et geheescht, dass déi meescht Eventer, nämlech 134, Concerte waren. Nieft der Rockhal ass den Atelier den Haaptorganisateur vun den Eventer.

Lauschtert hei de Reportage