Schwiereg Phas a jonke JorenWat ass d'"Quarterlife Crisis"?

Ëmmer méi fréi stellt ee sech existenziell Froen. D'"Quarterlife Crisis" soll een awer als Chance gesinn, fir en éischt Fazit ze zéien an eppes ze änneren!

Leschten Update: 28.11.2019, 13:44:29

© Pexels

Déi berüchtegt "Midlife Crisis" schléit wéi den Numm et seet zou, wann een op eemol hallef duerch d’Liewen duerch ass. Dat Gefill, dass d’Zäit engem op eemol fort lafe kéint, an ee bis elo net alles aus sengem Liewen erausgeholl huet, bedréckt een. Et gëtt awer och d’"Quarterlife Crisis".

D’Liewe leeft a jonke Jore wéi un der Schnouer gezunn. Bis een 18 ass, sinn et souwisou d’Elteren déi den Toun uginn. An och den Alldag ass strukturéiert. Schoul, Lycée, Uni. An da wat? Da muss een déi éischte Kéier sou richteg Verantwortung fir seng Zukunft iwwerhuelen an Entscheedungen treffen.

Dowéinst trëfft déi sougenannten "Quarterlife Crisis" vill Mënsche Mëtt, Enn 20. An där Phas zitt een en éischte Fazit. Ware meng Entscheedunge bis elo richteg? Sinn ech wierklech mäi Wee gaangen? A virun allem: Wéi geet et elo weider? Mat esou ville Variabele misst een nach ni virdrun eens ginn. Iergendwann muss ee sech festleeën op e Partner, en Job a generell e Liewensplang.


Wat ee méi Méiglechkeeten huet, wat et méi warscheinlech ass déi falsch ze wielen. Iergendwéi wëll een eng gewësse Sécherheet a Kontinuitéit hunn, op der anerer Säit freet ee sech awer och ob dat elo schonn alles war an déi beschten Zäit eriwwer ass. Mat Enn 20 klëmmt de Stress-Pensum hautdesdaags esou séier, wéi a kengem aneren Alter, wéi eng Etüd am Harvard Business Review beweist.


Dee Phenomeen ass net nei, mee symbolesch fir eis Zäit. Sou eng éischt Existenzkris ass awer guer net mol esou schlecht. Et huet een an deenen nächsten ¾ vum Liewe méi wéi genuch Zäit eventuell Feeler ze korrigéieren a sech selwer ze fannen.

D’Weeche fir d’Zukunft gi gestallt a wann een da vu sengem Wee iwwerzeegt ass, geet ee vill méi motivéiert duerch d’Liewen. Virdru war een ëmmer d’Resultat vun deem wat Elteren, Schoul an Ëmfeld aus engem gemaach hunn. Säi Liewe selwer an d’Hand huelen, dat erfëllt een.

D’Quarterlife Crisis ass eng Chance, an näischt firwat ee sech schumme muss.