EtüdFrae sinn déi besser Cheffen

Enger Etüd aus Schweden no wiere Fraen déi besser Cheffen.

Leschten Update: 04.12.2019, 11:49:39

© pexels.com / Christina Morillo

Eng Etüd aus Schweden beseet dass Fraen déi besser Cheffe wieren. Rambo-Allüren ware gëschter, haut wiere virun allem Virsiicht a Verstand gefrot.

Kompetenz an Zesummenaarbecht

An der Etüd goufen 9 Féierungseegeschafte genannt déi de Geschlechter weiblech a männlech zougeuerdnet goufen. Als typesch männlech Féiererungseegeschafte gëllen autoritär, selbstbewosst a kämpferesch. Typesch weiblech Eegeschafte si flexibel, virsiichteg an teamfäeg. Kompetent, couragéiert a Resultat-orientéiert lafen ënner neutral. 





Fuerscher vun der Uni Stockholm hu ronn 5.500 Membere vun der schwedescher Cheffe-Gewerkschaft Ledarna no hire Prioritéite gefrot. Dobäi koum eraus, dass eng Féierungskraaft keng grouss Autoritéit muss hunn an op kee Fall Rambo-Allüren sollt hunn. Wichteg wiere virun allem Kompetenz an de Wëllen ze kooperéieren. 

Och wa Kompetenz weder als typesch weiblech nach als typesch männlech gëllt, gëtt se éischter de Fraen ugerechent. Genee sou wéi d’Bereetschaft zu der Zesummenaarbecht. Frae wieren dofir déi besser Cheffen.

Frae musse méi kämpfe wéi Männer

Dass Fraen a Féierungspositiounen och als méi kompetent gëllen, féieren d’Fuerscher dorop zeréck, dass se sech op hirem Wee no uewen, dacks géint méi Widderstand musse behaapte wéi Männer.

D’Männer dogéint hätte bei de sou genannte Soft Skills nach Nohuelbedarf, deemno am Beräich wéi ee mat Mënschen ëmgeet.

De Fuerscher no wier, ob Mann oder Fra, awer dat wichtegst dass ee Virgesetzten virun allem wéinst senger Kompetenz a sengem Talent agestallt gëtt.