Besser mat Angscht ëmgoenAlbdreem kënnen eis am Alldag hëllefen

Obwuel se zimlech negativ konnotéiert sinn, soll een Albdreem net verdäiwelen. Se sollen eis nämlech hëllefen, eis negativ Gefiller besser ze verschaffen.

29.11.2019, 04:00:56

© Unsplash

Et gi schéin Dreem, déi een esou glécklech maachen, datt ee guer net wakereg wëll ginn. Et ginn awer och déi vun där ganz schlëmmer Zort: Iergendwéi weess een, datt een dreemt, ma awer sinn se esou schlëmm, datt dat ellent Gefill souguer nach beim Erwächen do ass an et een och de ganzen Dag iwwer erofzéie kann.

Lauschtert eran!

Ma esou ganz negativ, wéi een Albdreem eigentlech bezeechent, sinn dës net onbedéngt. Enger Fuerscher-Ekipp no sollen se nämlech hëllefen, eis Ängschten a negativ Gefiller am Alldag besser ze veraarbechten. Erliewe mir am Dram Angscht, kéint dat als Training fir de reellen Zoustand genotzt ginn. Zu dëser Konklusioun sinn d'Fuerscher no der Auswäertung vun zwou Etüde komm.

Vereinfacht gesot: Wien am Dram Angscht erlieft, reagéiert spéider anescht, respektiv besser an huet net esou Problemer, dat Ganzt ze veraarbechten. D'Test-Persoune sinn hei opgefuerdert ginn, hir Dreem moies opzeschreiwen. Duerno sinn hinne Biller gewise ginn, wärend deem si un enger Maschinn ugeschloss waren, déi d'Gehieraktivitéit analyséiert huet. D'Biller ware Fotoe vun engem Iwwerfall oder engem schwéieren Accident.

Déi Leit, di méi heefeg schlecht gedreemt hunn, hu manner staark op dës "schlëmm" Biller reagéiert. Esou sinn d'Fuerscher also och zu hirem Resultat komm. D'Gefiller, déi mir wärend Albdreem hunn, bereeden eis op änlech Situatiounen am Alldag vir. Et gëtt jo ëmmer gesot: "Übung macht den Meister" - dëst kéint een och an deem heite Fall behäerzegen an esou wéinstens eppes Positives aus schlechten Dreem mathuelen.