Keelt an dréchen HeizungsloftBesonnesch eis Hänn leiden am Wanter

Et gi Leit, déi freeë sech manner op d'Chrëschtdagszäit an di kal Méint - fir si heescht et nämlech och: Hänn, déi praktesch ausernee bliederen!

29.11.2019, 12:00:45

© Pixabay

Zemools wann een aus der waarmer Dusch kënnt gesäit een et gutt: D'Hänn gesinn aus, als wieren se an de Méidrescher geroden. Ma net just déi dréche Loft an den eegene 4 Wänn setzt eiser Haut zou. Heefegt Wäschen, grad elo am Wanter, léisst se ausdréchnen. Donieft ass et eise Stoffwiessel, deen duerch d'Keelt fir d'éischt eisen Hänn d'Wäermt entzitt. D'Drüse produzéiere manner Fett an esou dréchent Haut aus.

Lauschtert eran!

Wousst dir, datt gutt 20% vun eiser Kierperwäermt iwwer d'Hänn verluer geet? Net just Jackett, Mutz a Schal sollen zu dëser Joreszäit är deeglech Begleeder sinn. Déi richteg Händche sinn op d'mannst genee esou wichteg. Ideal sollen d'Hänn ootme kënnen an net komplett am eegene Schweess ageweecht ginn. Soss ass gat Ganzt natierlech nees kontraproduktiv.





Wat nach hëlleft? Crèmen, crèmen, crèmen. Wéi d'Haut am Gesiicht ass déi op den Hänn extrem dënn a brauch genuch Fiichtegkeet. Besonnesch gutt sinn Uelegen a fetteg Crèmen, an deenen natierlech Stoffer ze fanne sinn. Manner bekannt, mee grad esou gutt: Maske fir d'Hänn. D'Hänn fir d'éischt an Ueleg aweeche loossen, duerno gutt acrèmen, Händchen un an iwwer Nuecht anzéie loossen. De Moien drop erwächt der mat deenen doucesten Hänn!

Wat een op kee Fall maache soll? D'Hänn ze vill an ze waarm wäschen. Et ass logesch, datt extrem Wäermt eis souzesoen ausdréchne léisst. Léiwer wootlecht Waasser a pH-neutral Seef benotzen. Crèmen, déi en héije Waasserundeel hu kléngen zwar genee richteg, ma op déi sollt een awer während dem Wanter verzichten. Déi kal Temperaturen erschwéieren et eisen Hänn, d'Waasser opzehuelen a richteg ofzespäicheren.