Bréckendeeg 2020Sou gëtt et e Maximum u Vakanz

Zu Lëtzebuerg hunn d’Leit an der Moyenne 27 Congésdeeg d’Joer. Ween awer gutt plangt a gesetzlech Feierdeeg notzt, ka säi Congé däitlech verlängeren.

Leschten Update: 02.12.2019, 10:53:39

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Dimitrios Kambouris

2020 leien d’Feierdeeg deelweis ganz schéin ongënschteg an. E puer Méiglechkeeten gëtt et awer trotzdeem, fir aus engem laange Weekend eng ganz Vakanz eraus ze huelen.

Tatsächlech fänkt d’Joer gläich mat dëser Optioun un. Wee sech no der Silvesterparty nach e bëssen erhuele wëllt, ka sech deemno freeën.  Mat just 2 Congésdeeg kann ee 5 Deeg hannertenee fräi hunn: Den 1. Januar fält nämlech des Kéier op ee Mëttwoch.

Och Ouschteren eegent sech traditionell gutt, fir eng mi laang Vakanz ze plangen. Well Ouschterméindeg ee gesetzleche Feierdag ass, kann ee mat 4 Deeg Congé 9 Deeg Vakanz maachen.

Den 1. Mee fält d’nächst Joer perfekt - nämlech op ee Freideg. Ween hei ee verlängerte Weekend wëllt maachen, muss iwwerhaapt kee Congé ufroen. Den Europadag den 9. Mee fält dogéint ongënschteg op ee Samschdeg.

Ëmmer gutt fir ee verlängerte Weekend ass awer Christi Himmelfaart,. Wéi all Joer fält dëse Feierdag zouverlässeg op een Donneschdeg. Wee sech een Dag fräi hëlt, brauch 4 Deeg net schaffen ze goen.

Och Péngschte bitt sech mam fräie Péngschtméindeg automatesch fir ee verlängerte Weekend un. 3 Wochen méi spéit - den 23. Juni - ass Nationalfeierdag- deen d’nächst Joer ganz gënschteg op dënschdes fält.

Maria Himmelfaart de 15. August fält allerdéngs op ee Samschdeg. Och Allerhellegen den 1. November fält ganz ongënschteg - nämlech ausgerechent op ee Sonndeg.

Traditionell léisst sech awer d’Zäit tëscht Chrëschtdag an Neijoerschdag gutt fir eng Vakanz notzen. Well souwuel Chrëschtdag de 25. Dezember wéi och Neijoerschdag den 1. Januar op ee Freideg falen, huet een Enn vum Joer nach eemol 2 verlängert Weekender.