Féx erkläert!Wat bedeit de Klimanoutstand fir d'EU?

D'EU-Parlament huet den Donneschdeg de Klimanoutstand ausgeruff an dat mat enger grousser Majoritéit. Ma wat muss een sech dorënner virstellen?

02.12.2019, 04:00:39

© Markus Spiske/Unsplash

Den Donneschdeg huet d'EU-Parlament de Klimanoutstand fir d'ganz Europäesch Unioun ausgeruff. Dat kléngt elo schonn emol dramatesch an de Fait, dass 429 vu 673 Deputéiert dofir gestëmmt hunn, weist, dass de Problem zwar net onbedéngt eescht geholl ma op d'mannst awer an de Käpp ukomm ass. De Problem ass nämlech deen, dass hannert dem drastesche Wuert „Klimanoutstand“ keng konkret Mesure stécht.

Den Opruff zu konkrete Mesuren
Bei der Decisioun vum Parlament ass et drëms gaange fir en Zeechen ze setzen an dat an engem Moment an deem eng nei EU-Kommissioun confirméiert ass an hir Aarbecht kann ophuelen. Et ass d'Fuerderung un dës nei Kommissioun awer och un d'Memberstaaten, méi ze maachen, wéi bis ewell.

Bei ville Leit ass dës Entscheedung gutt ukomm, och bei Ëmweltschützer. Ma et ass kloer, dass een sech duerch d'Fuerderungen eleng net dierf täusche loossen. Duerno muss och eppes geschéien a konkret Mesure mussen hir.

De Klimanoutstand ass also net vill méi wéi e Beschloss an deem erkläert gëtt, dass de Klimawandel eng Kris ass an dass dat, wat bis ewell géint dës Kris ënnerholl gouf net duergeet.

Begrëff „Klimanoutstand“ an der Kritik
Wéi gesot, et ass e symboleschen Akt, deen ënner anerem der EU-Kommissioun a gewësser Hisiicht d'Aufgab awer och d'Méiglechkeete gëtt konkret a villäicht och manner populär Entscheedunge fir d'Klima ze huelen. An et geet ëm Drock, en Noutstand soll jo och ëmmer iergendwéi op d'Nout, also op eng akut Situatioun hiweisen.

Ma de Begrëff huet fir vill Kritiker awer och eppes anti-demokratesches u sech, grad mam Hannergrond vun der Muechtergräifung vun den Nationalsozialisten an de Begrëffer Noutstand an Noutveruerdnung, déi wäit Deeler vun der demokratescher Uerdnung ausser Kraaft gesat hunn.

Weider hunn eng Rëtsch Deputéiert kritiséiert, dass de Begrëff Klimanoutstand direkt a radikal Moossname géif erwaarde loossen, ouni, dass konkret eppes decidéiert ginn ass.

Ma et muss een och nach soen, dass d'EU-Parlament bei wäitem net den Erfinder vum Klimanoutstand ass. Scho laang virdrun hate Stied, Gemengen, jo esouguer national Parlamenter den Noutstand ausgeruff. Ma d'selwecht wéi bei der Decisioun vum EU-Parlament gëlt och do: Rechtlech relevant ass de Klimanoutstand net.