Xmas SongsDe passende Sound fir d'Wanterzäit

Wat mécht e gutt Chrëschtdagslidd aus?

02.12.2019, 04:00:41

© Unsplash

Lauschtert eran!

Et ass Dezember an domat lafen d’Virbereedungen fir di schéinsten Zäit vum Joer op Héichtouren. Ma gefillt ass Chrëschtdag dat ganzt Joer. Schonn am Oktober kritt een iwwerall Chrëschtdekoratioun, Liefkuch an aner Schneekegkeeten ze kafen a jiddereen mécht sech schonn am Summer Gedanken, wat ee senge Léifsten da schenke soll. Mee eréischt wann een dann an de Geschäfter an um Radio och di éischt Chrëschtdagslidder héiert, mierkt een: Elo gëtt et esou richteg eescht! Mee wat mécht dann e gudde Chrëschtdagssong aus?

Virun allem ass et wichteg, datt ee beim Lauschteren direkt an di richteg Stëmmung versat gëtt. Dacks benotzen d’Kënschtler dofir Swing-Rhythmen, Sleigh Bells oder och Glacken, wéi zum Beispill beim Mariah Carey sengem legendären "All I Want For Christmas Is You". Natierlech spille bei engem gudde Chrëschtdagslidd och d’Melodie an den Text eng ganz grouss Roll. Wa Wieder ewéi Snow, Party, Tree oder Santa am Song virkommen an deen dann och nach eng flott Melodie huet, da ka scho bal näischt méi schif goen.




Och wa "Last Christmas" a Co. verschiddene spéitstens no där fënnefter Kéier lauschtere schonn zu den Oueren eraushänken, gehéieren di gutt al Chrëschtdagssong dann awer iergendwéi zu der besënnlecher Zäit dozou!