London CallingE gelounten Chrëschtbeemchen?

Ëmweltfrëndlech Chrëschtdag feieren – an dat mat Chrëschtbeemchen? Dat geet hei zu London!

Leschten Update: 02.12.2019, 14:22:46

© pixabay.com

Zënter dëser Woch ass Dezember an dat heescht, dass och bei de Londoner lues a lues Chrëschtdagsstemmung opkënnt. Ee groussen Chrëschtdagstrend hei an der britescher Haaptstad ass dëst Joer d’Nohaltegkeet. Manner Plastik a méi recycléiert Materialien ass de Motto. A wärend dat a Punkto Chrëschtdagscadeauen a -kaarten zimlech gudd funktionéiert, esou stinn d’Londoner awer virun engem aaneren Dilemma: Sollen se sech e Chrëschtbeemchen zouleeën oder net?

Lauschtert hei de Reportage:

Wann ee sech e richtege Beemche keeft, da soll een dee jo am beschten no de Feierdeeg a säi Gaart planzen, fir dass de Bam net stierft. Déi mannste Londoner hunn awer e Gaart, an esou lant de Chrëschtbeemchen da meeschtens um Tipp. Déi aner Alternativ ass sech e Plastiksbeemchen zouzeleeën an deen dann e puer Joer laang ze benotzen. Mee och dat ass net besonnesch ëmweltfrëndlech schliisslech kann een dee Beemchen net recycléieren.

© pixabay.com

Zum Gléck, gëtt et hei zu London awer elo eng clever Alternativ, nämlech, sech e Chrëschtbeemche lounen. Dëse kritt een dann zesumme mat engem Deppen bis virun d’Dier geliwwert an, esou laang een en all Dag netzt, kann een en no Chrëschtdag nees zréck gi fir nei verplanzt ze ginn. Dëse Service ass esou populär, dass bannent e puer Woche sämtlech Commande fir dëst Joer ausverkaf waren an een sech elo scho säi gelounte Chrëschtbeemche vir d’nächst Joer virbestelle kann. Esou kënnen d’Londoner Chrëschtdag also mat engem gudde Gewësse feieren.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter