Sommet zu MadridËm wat et op der 25. Klimakonferenz geet

Zu Madrid wëllen d'Staaten doriwwer diskutéieren, wéi se méi klimafrëndlech kënne ginn.

Leschten Update: 02.12.2019, 15:29:32

© AFP/GABRIEL BOUYS

D'Erwaardungen un di 25. Klimakonferenz sinn héich. Zwou Woche laang, also vum 2. bis 13. Dezember, wëlle Vertrieder aus der ganzer Welt grad ewéi international Organisatiounen iwwert d'Paräisser Klimaofkommes diskutéieren. 2015 ass dat jo beschloss ginn, ma aus dem decidéierten Text gouf awer nach net vill ëmgesat – an dat ass och de grousse Problem.

Decidéiert gouf, datt d'Staaten alles maache wëllen, fir d'Äerderwiermung op däitlech ënner zwee Grad ze begrenzen. Fir datt déi eenzel Länner sech och wierklech dru ginn, soll vun 2020 un eng nei Reegelung a Kraaft trieden: All 5 Joer muss erkläert ginn, wéi een dësem Zil méi no komme wëll a wat an den nationale Pläng festgehalen an ëmgesat gouf.


Konkret mussen international Reegele fir den Ëmgang mat Zäregas-Emissiounen a Schied duerch extrem Wiederphenomer ausgeschafft ginn. Hei geet et zum Beispill drëms ze kucken, wien fir d'Schied a Länner opkënnt, déi selwer keng Suen hunn, dat z'iwwerhuelen. Reegelen, mat deene jiddereen averstane muss sinn. D'Konferenz steet ënnert dem Motto "Tiempo de actuar", also "Zäit, ze handelen". Den Antonio Guterres huet sech beim Optakt wéineg iwwerzeegt gewisen.



Vun 2020 u soll d'Paräisser Klimaofkommes gräifen an dat ass dee grousse Challenge: D'Staate stinn ënner Drock, d'Reegelwierk auszeschaffen, sech endlech eens ze ginn a virun der 26. Klimakonferenz wierklech eppes Brauchbares virzeweisen. Riets geet hei vu nationale Klimaziler, déi virgeluecht musse ginn. Aktuell ginn d'Pläng vun de Staaten, fir d'Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren, net duer.

© AFP/Simon MALFATTO, Paz PIZARRO

An dat gëtt och mat de Protester vun de Jonken am Kader vun der Konferenz ënnerstrach, un deenen och d'Greta Thunberg deelhëlt. Duerch si huet de Klimaschutz u Popularitéit gewonnen an ass dem neisten Eurobarometer no dat Thema, mat deem sech d'EU befaasse muss. Bal 60% vun de Befroten hunn deemno uginn, datt zemools d'Protester vun de Jonken en Afloss op di europäesch Politik hunn.

© AFP/Simon MALFATTO

D'Ustrengunge bis elo ginn net duer, esou de Weltklimarot IPCC. Gëtt net méi gemaach, wäert d'Duerchschnëttstemperatur bis zum Enn vun dësem Joerhonnert ëm bal 4 Grad eropgoen. Direkt Sitte si gréisser Iwwerschwemmungen oder extrem Hëtzt. D'USA, déi zweetgréisste CO2-Verursaacher, hunn zum Beispill hiren Austrëtt aus dem Paräisser Ofkommes fir de 4. November 2020 erkläert.

Links