An Australien am AsazHightech-Radaren erkennen Handy um Steier

Den australesche Bundesstaat New South Wales wëll mat de Kameraen d'Zuel vun den Doudesaffer am Stroosseverkéier ëm een Drëttel erofsetzen.

Leschten Update: 04.12.2019, 11:47:18

© pexels.com / Acharaporn Kamornboonyarush

Am australesche Bundesstaat New South Wales sinn zënter e Sonndeg déi weltwäit éischt Kameraen a Betrib, déi d’Notze vun Handyen um Steier erkenne sollen. New South Wales wëll mat dëser Mesure d’Zuel vun den Doudesaffer am Stroosseverkéier reduzéieren.

D’Kamerae solle mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz erkennen, wann ee Chauffer mam Handy am Grapp telefonéiert, a gläichzäiteg fiert. D’Opname sollen awer och vu mënschlechem Personal iwwerpréift ginn. Wéi och an anere Länner dierf een och zu New South Wales just mat enger Fräispriechanlag am Auto telefonéieren. D’Kamerae sinn ausserdeem Dag an Nuecht, wéi och bei all Wieder Asaz-fäeg.

D’Verkéiersautoritéit vum Bundesstaat geet dovun aus, dass all Joers ronn 135 Milliounen Autoe vun de Kameraen erfaasst ginn. Bei engem Testasaz dëst Joer wiere well 100.000 Automobilisten erwëscht ginn, déi hannert dem Steier hire Smartphone genotzt hunn. Dem Verkéiersminister vun New South Wales Andrew Constance no wier mam Handy Auto ze fueren, wéi alkoholiséiert ze fueren: et ass domm, geféierlech a kann ee Mënscheliewe kaschten.

An den éischten 3 Méint sollen elo Automobilisten, déi hannert dem Steier hiren Handy benotzen, mat enger Verwarnung dovu kommen. Duerno wäerten et Protokoller vu jee 210 Euro ginn, dat op reguläre Stroossen. Wann ee mam Handy um Steier an der Géigend vu Schoulen erwëscht gëtt, da gëtt et ee Protokoll vun 280 Euro.

Wärend an Australien déi nei Hightech-Radaren zënter dem 1. Dezember am Asaz sinn, leeft an Holland als éischt EU-Land zënter dem 1. Oktober ee Pilotprojet mat de Smart-Kameraen.

Et ass also just eng Fro vun der Zäit, bis och hei zu Lëtzebuerg dës speziell Kameraen an den Asaz kommen. Ma lo kommen d’nächst Joer awer mol fir d’éischt di éischt Luuchte-Radaren an den Asaz.

Lauschtert hei d'Reportage: