Eemol Fuddeler, ëmmer FuddelerOnéierlech an der Schoul, onéierlech am Beruff

Näischt geléiert? Kee Problem, da gëtt ebe geknäipt. Sou denke vill Studenten. Ma tendéiert ee spéider am Beruff dann och dozou onéierlech ze sinn?

Leschten Update: 02.12.2019, 15:41:41

© Unsplash

Wee kennt et net. Et villt ee sech net richteg fir en Test preparéiert oder et huet een nees ze spéit ugefaange mat léieren. Ganz séier kënnt de Gedanken op, fir sech e klengen Ziedelche mat Notizzen ze preparéieren an deen da mat an d'Prüfung ze huelen. Natierlech ass dat net ganz legal.

Lauschtert eran

An enger Etüd vun der California State University San Marco an der San Francisco State University sinn 250 Marketing-Studente getest ginn. Se sollten ugi wéi si zu Aussoe stinn, wéi zum Beispill: "Gefuddelt heescht, aner Studenten ze froe wat an der Prüfung gefrot gëtt". Eraus komm ass, dass Studenten, déi tolerant géigeniwwer dem Fuddelen am Studium sinn, och am spéidere Beruffsliewe kee Problem mat onetheschem Verhalen hunn.

Fir d'Analys hu sech d'Fuerscher zousätzlech nach un enger méi aler Etüd orientéiert. An dëser sinn d'Studente gefrot ginn,wéi engem Charakterzuch se éischter zoustëmmen. Entweder dem Individualismus, also enger Orientéierung u sech selwer oder dem Kollektivismus, eng Orientéierung un der Grupp. Eraus komm ass, dass Studenten, déi sech virun allem mam Kollektivismus identifizéieren, éischter zu onetheschem Verhalen tendéieren.




Erkläre kann een dat domat, dass den Zesummenhalt an der Grupp méi wichteg ass wéi d'Anhale vun de Reegelen. Kuerz gesot, leit déi am Lycée an op der Uni geknäipt hunn a Kollektiviste sinn, tendéieren och am Beruffsliewen éischter dozou net ganz esou éierlech ënnerwee ze sinn.