„Handi'courts qui en dit long...“E Fimfestival ronderëm d'Thema Behënnerung

Wéi erliewe Mënsche mat enger Behënnerung dës an de verschiddene Liewenssituatiounen? Dëst ass de Kär vun engem Filmfestival den Dënschdeg um Kierchbierg.

Leschten Update: 02.12.2019, 16:49:04

© Info-Handicap

Um Internationalen Dag vu Mënsche mat enger Behënnerung huet Info-Handicap zesumme mat Retour de Cannes fir den 3. Dezember e ganz besonnesche Filmfestival am Kinepolis um Kierchbierg op d'Been gestalt. „Handi'courts qui en dit long...“, ënner dësem Motto steet de Filmfestival, dee weise soll, wéi Mënsche mat enger Behënnerung dës erliewen.

De Festival geet ëm 13 Auer lass, ugefaange mat 2 Kuerzfilmer fir d'Kanner. Ëm 14.00 Auer geet dës Seance da mat engem méi laange Film op en Enn. Duerno ass et dann un den Erwuessenen, vun 18.30 Auer gi 7 Kuerzfilmer gewisen. Dotëscht sinn d'selwecht wéi bei deene klengen ëmmer erëm Diskussiounen zu de verschiddenen Thematiken erkläert den Direkter vun Info-Handicap, Olivier Grüneisen. Et geet den Organisateuren dorëms déi verschidden Handicappen ze thematiséieren.





Déi meescht Leit géifen en Handicap nämlech éischter mat enger kierperlecher Behënnerung verbannen, esou den Olivier Grüneisen. D'Filmer goufen iwwerdeems an der Haaptsaach vu Mënsche mat enger Behënnerung gedréint. An och hei sinn d'Theme wäit gefächert.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Den Entrée ass iwwerdeems gratis, ma et sollt een sech umellen, dat iwwer de Site vun Info-Handicap oder per Telefon. All d'Filmer si mat Audiobeschreiwung an op Däitsch ënnertitelt a se ginn an déi däitsch Gebäerdesprooch iwwersat.

Links