EtüdPornoe maache krank

Jidderee mécht et, kee gëtt et zou: Pornoe kucken. Sou flott den Hormon-Kick dobäi och ass - ze vill Porno mécht krank.

Leschten Update: 03.12.2019, 14:10:30

© Unsplash

Duerch den Internet si Pornoe permanent accessibel. Wien awer ze dacks schwaach gëtt, kann net nëmme süchteg ginn, dee mécht och senger mentaler Verfassung kee Gefalen.

Fuerscher un der Universitéit Laval a Kanada hunn ënnersicht, wat reegelméissege Porno-Konsum mat eisem Gehier mécht. Betraff ass haaptsächlech de präfrontale Kortex. Do ginn eis Moral, eise Wëllen an eis Impulser gesteiert. Ze vill Porno, an d’Gehier entwéckelt sech zeréck.


Mënschen, déi vun dëser „Hypofrontalitéit“ betraff sinn, hunn dacks Zwangs-Stéierungen a Problemer déi richteg Entscheedungen ze treffen. Well Emotiounen an Impulser negativ beaflosst ginn, si souguer dacks Depressiounen d’Resultat.

Wie méi Zäit mat virtueller Befriddegung verbréngt, wéi mat richtegem Sex, kritt op eemol Problemer bei der Offline-Variant. An der Box ass net méi vill lass an den Orgasmus gëtt zur Raritéit. Wa Pornoe kucken zur „Musse-Saach“ gëtt, huet een den Drang ëmmer méi, an ëmmer méi extrem Videoen ze kucken. Richtege Sex wierkt op eemol langweileg.

Weider schlecht Noriichte fir „Porno-Binge-Watcher“: Wie méi wéi 4 Stonne pro Woch Pornoe kuckt, ka sech net méi sou gutt konzentréieren an d’Belounungs-Zentrum am Gehier ass iwwerlaascht. D’Motivatioun am Alldag geet erof, et gëtt ee manner produktiv an em d’Liewensqualitéit steet et och schlecht.


Pornoe kucke schéin a gutt. Wien awer net méi ouni kann, verléiert d’Realitéit a seng Gesondheet iergendwann aus den Aen.