Offall-ExporterWat exportéiert Lëtzebuerg alles an d'Ausland?

Lëtzebuerg exportéiert e groussen Deel vu sengem Offall. Meeschtens ass dat Bauschutt, deen an d'Nopeschlänner geet. Ma et geet och méi exotesch a wäit.

03.12.2019, 08:00:54

© Pascal POCHARD-CASABIANCA / AFP

Dass Offall aus Lëtzebuerg an d'Ausland exportéiert gëtt, ass kee Geheimnis. Vun do gëtt en dann dacks weider exportéiert an iergendwéi verléiert een de Knascht dann aus den Aen. „Aus den Augen, aus dem Sinn“ géif een an Däitschland soen, an iergendwéi ass et jo och esou. Déi aner kënnen sech mat eisem Dreck ploen, d'Haaptsaach mir sinn e lass. A wat Lëtzebuerg alles esou un Offall exportéiert, dat war Thema vun enger parlamentarescher Fro.

780'000 Tonne Bauschutt a Frankräich
Dee gréissten Undeel un Offall ass Bauschutt an dee gëtt an eis Nopeschlänner, respektiv an Holland exportéiert. Dat war d'Äntwert vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op d'parlamentaresch Fro vum Deputéierte Jeff Engelen.

2017 waren dat zesummen iwwer 1,1 Milliounen Tonne Bauschutt, dovu bal 780'000 Tonnen a Frankräich. Ma da goufen natierlech och nach aner Offallproduiten exportéiert, z.B. iwwer 200'000 Tonne Metall, 180'000 Tonne Schlaken a Verbrennungsoffäll a 87'000 Tonne Pabeier a Kartong.

Exporter och an aner EU-Länner
Ma och 25'000 Tonne Plastiksoffäll, 32'000 Tonne chemesch Offäll, 19'000 Tonnen industriell Schlämm an 18'000 Tonnen Deeler aus gebrauchten Apparater goufen 2017 an d'Ausland bruecht fir do revaloriséiert oder entsuergt ze ginn. Dat awer net nëmmen an déi scho virdru genannte Länner ma och an Italien, d'Schwäiz, Éisträich, England a Spuenien.

Vun der Ministesch huet et nach geheescht, dass verschidde méi kleng Quantitéiten un Textil- a Plastiksoffäll och emol an den Osten, a Polen, Litauen, Tschechien an Estland exportéiert ginn.
An et géif een och Offall ausserhalb vun Europa exportéieren, dat wieren awer exklusiv Textilien.

Prozeduren an Iwwerwaachungsmesure fir Offall-Traitementer
Ma wéi kann een elo sécherstellen, dass dann och d'Entreprisen an de genannte Länner, déi de Lëtzebuerger Offall solle fachgerecht verwäerten oder entsuergen, dat dann och wierklech maachen. Hei géifen et bestëmmte Prozedure fir d'Entsuergung, den Transport an d'Traitement vum Offall ginn, esou d'Ministesch. Esou missten d'Betriiber z.B. all Joer Rapporten areechen a Regëstere féieren.

Weider géif een och op d'Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten an den Destinatiounslänner zielen, déi wann eppes net sollt klappen, d'Land aus deem den Offall hierkënnt an déi aner betraffe Verwaltunge géife warnen.