Mamm filmtBouf (6) fiert mat 130 km/h iwwert d'Autobunn

Eng Mamm léisst a Russland hire 6-järege Bouf mat 130 km/h iwwert eng Autobunn fueren a publizéiert stolz ee Video am Internet.

Leschten Update: 04.12.2019, 11:46:27

© pexels.com / Caio Resende

Ee Video vun enger jonker Mamm (29) aus Russland verbreet sech de Moment an de soziale Medien. An deem Video gesäit ee wéi hire 6 Joer ale Bouf hannert dem Steier vun engem Auto sëtzt, an dat mat héijer Vitess, nämlech mat deelweis 130 km/h.

Wat net ganz kloer ze erkennen ass, ob hien eleng fiert oder um Schouss vun der Mamm oder engem anere sëtzt. Sou oder sou, ass et geféierlech!





D'Mamm huet de Video an de sozialen Netzwierker gepost a krut natierlech vill negativ Kommentaren. Dat kann déi russesch Fra awer net novollzéien. Si sot der brittescher "The Sun" no, dass si stolz wier, dass hiert Kand ouni gréisser Problemer fuere kéint. Ausserdeem hätt keen d'Recht iwwert si ze urteelen. Si géif maache wat se wéilt.

Dat Ganzt huet natierlech Konsequenzen. D'Police ermëttelt elo géint d'Fra an et huet sech och eng Kannerbetreiungsautoritéit ageschalt.