ChrëschtzäitCocktailer als Glühwäin-Ersaz

Den Dezember ass fir vill Leit den offizielle Startschoss fir de Glühwäin. Ma verschidde Leit sichen awer no Alternativen.

Leschten Update: 04.12.2019, 07:02:08

© Pexels

E gudde waarmen Téi, e Schocki oder eben e Glühwäin. Dat ass d'Gedrénks, dat een an dëser Joreszäit mol gären zou sech hëlt. Wann een es dann awer mol genuch domat huet, ginn et e puer ganz lecker Alternativen.

Cocktailer drénkt ee jo éischter am Summer, ma et ginn der allerdéngs och déi een am Wanter genéisse kann, passend zu Chrëschtdag.

Esou zum Beispill den "Hot Cranberry Punsch". Heifir muss een einfach eng Fläsch roude Wäin, 200ml Kiischten an 300ml Orangëjus an en Dëppe mat 65g Zocker schëdden. Dozou gëtt een nach e puer Kanéilsstaangen an da léisst een dat Ganzt 1 1/2 Stonn liicht kachen. Duerno muss een d'Staange just nach eraus huelen, 120ml Brandy dobäi schëdden an dat Ganzt genéissen.

De Maracuja Ginger Cocktail ass och ze recommandéieren.

Heifir muss een eng Maracuja an 2 schneiden an d'Kären an d'Fruchtfleesch op 2 Glieser verdeelen. Gläichzäiteg mécht een Äis , 4cl wäisse Rum, 300ml Maracujajus a 50ml Zitrounesaaft an e Shaker a vermëscht een dat Ganzt a verdeelt een et op déi 2 Glieser. An d'Glieser kommen da just nach Limetten a Peffermënz.

Et voilà, de "Maracuja Ginger Cocktail" ass prett fir ze prosten!

Natierlech ass dat alles "affaire de goût". Wien da léiwer traditionell ënnerwee ass, kann och einfach e gudde "Grog" drénken. Waarmt Waasser, Zocker, Rum an e Schotz Zitrounejus an eng Taass a voilà: de perfekte "Wantertéi".

Lauschtert eran!