Wärend der ChrëschtzäitGenéisse ganz ouni schlecht Gewëssen

Gesond iessen an d'Chrëschtzäit passe jo éischter manner zesummen...

05.12.2019, 15:44:24

© Unsplash

Wou gesond dropsteet oder wat gesond ausgesäit, ass net automatesch gesond. Dat gëllt natierlech och fir d'Schneekegkeete wärend de Chrëschtdeeg. Net just den Adventskalenner léisst eis all Moie schwaach ginn, egal ewéi al een ass, och fir de 6. Dezember gëtt ee mat Schockela iwwerrascht. Mir sinn eis eens: Am Dezember ass et besonnesch schwéier!

Lauschtert eran!

Wien et iwwert d'Häerz bréngt, dee kann de Schockela och mol mat Nëss ersetzen. Si gëllen als immens gesond, voll un Eewäiss a Ballaststoffer an enthale gesond Fettsaieren. Wiem de Chrëschtdagsfeeling feelt, dee kann d'Nëss zesumme mat Kanéil an d'Pan klaken a genéissen. Müsli-Rigel sinn och eng beléiften Optioun, hei gëllt et awer op den Zocker opzepassen.

Dat nämmlecht gëllt bei Uebst-Chipsen. Déi kann een awer och ganz einfach selwer maachen: Uebst a Scheiwe schneiden an am Uewe brutzele loossen. Och hei kënnen e puer Gewürzer an den Asaz kommen. Fir wie selwer gebake Kichelcher zu de Chrëschtdeeg wéi d'Tomatenzooss zu de Spaghetti dozou gehéieren, dee kann och hei op aner Variante setzen.

Selwer gebake Kichelcher aus Dattele versuergen ee mat Vitaminn B an enthale wéineg Fett. Ma nieft dem gesonden Iess-Choix kann een och beim Gedrénks heiansdo mol switchen. Och wann een am Dezember méi dacks mam Glühwäin an der Hand do steet, gëllt jo bekanntlech: genuch Waasser drénken - dacks verwiessele mir nämlech Honger mat Duuscht.





Egal wéi gëllt awer: Genéisst d'Chrëschtzäit a virun allem: Gënnt iech déi eng oder aner Schneekegkeet!