ChrëschtbeemchenDat sinn déi schéinste Bullen

Mat e puer Iddie kann een aus dem traditionelle Chrëschtbeemchen e richtegt Meeschterwierk maachen.

Leschten Update: 06.12.2019, 10:58:18

© Pexels

Et richt no Kanéil a Kichelcher, dobaussen ass et kal, dobanne schéi waarm an déi ganz Famill sëtzt op engem Dësch. Et gëtt zesumme giess, gedronk a gelaacht, da weess een et ass Chrëschtdag.

Dorop freeë sech ganz vill Leit. Schonn eleng de Beemche rëschten ass fir vill en Highlight a wisou soll een dëse mol net eng Kéier méi extravagant dekoréieren. Zum Beispill mat enger Liichterketten, déi ee per Fernsteierung méi hell oder méi donkel ka maachen an esou guer d'Faarf kann änneren.

Fir alleguer déi Leit, déi och e bësse Musek an d'Spill wëlle bréngen, ginn et och Bulle fir op de Beemchen déi Sangen. D'Kugele mat Aen a Mond, kënne sech niewent dem Sangen och nach beweegen.

Fir Romantiker gëtt et allerdéngs och e richteg coolen Objet. Et ass eng kleng Luucht mat der ee Schnéiflacken op de Beemche projezéiere kann. Sou kann een, och wann et dobaussen net schneit, de Schnéi-Feeling a seng Stuff zauberen.

A wiem dat alles nach net perséinlech genuch ass, dee kann sech och Schmuck fir op de Beemche personaliséiere loossen. Chrëschtbulle mat Gesiichter drop vun der ganzer Famill. Dat kann natierlech och richteg witzeg ausgesinn. Well d'Kugele jo eng gewëlbten Uewerfläch hunn, ginn d'Gesiichter verzerrt an esou kann deen een oder aneren op der Bull scho mol zimmlech witzeg ausgesinn.

Lauschtert eran