EldoskopJoereseldoskop: Esou gëtt 2020 fir iech!

Den Eldoskop seet iech d'Zukunft viraus - oder fänke mer mol u mam Lidd, dat äert Joer 2020 beschreift.

Leschten Update: 14.01.2020, 20:17:27

© Eldoradio

Dat neit Joer huet ugefaangen an och d’Stäre weise sech vun enger besonnescher Säit. Ma wat soen dir deng Stären a wéi e Lidd passt zu dengem Joer 2020?


WIDDER

What Have I Done – Dermot Kennedy

No engem Joer mat villen Héichten an Déiften, hu sech d’Stären an är Faveur gestallt. Alles wat geschitt ass, ass vergiess an ee gutt Joer erwaart iech.



STÉIER

Kings & Queens – Fritz Kalkbrenner
Prett ze kämpfen! Äert Joer gëtt fantastesch, esou laang dir och dofir astitt a kämpft!



ZWILLING

Before You Go  Lewis Capaldi
Dëst Joer ass mat positive Momenter verbonnen. Stitt zu äre Gefiller, mee loosst net onnéideg Frust un aneren eraus.



KRIIBS

Lover – Taylor Swift
Et ass äert Joer vun der Léift. Loosst är Aen a Gedanken op. Bleift net gefaangen op Grond vun der Gesellschaft. Maacht wat dir an der Léift fir richteg haalt. Et ass är Zäit.



LÉIW

Congratulations – Don Diablo
Dir sidd op keen ugewisen. Onofhängeg a glécklech kënnt dir duerch dëst Joer goen. An dat ass perfekt esou!



JONGFRA

Adore You  Harry Styles
Jiddereen, deen dir bis elo déif am Häerz hutt, wäert och dëst Joer nach vertrauensvoll un ärer Säit bleiwen. Vergiesst si net, wann et iech emol manner gutt sollt goen.



WO

194 Länder – Mark Forster
Et ass äert Joer vum Reesen! Probéiert iech nei aus an entdeckt d’Welt. Verléift iech an nei Kulturen an Ëmstänn!



SKORPIOUN

Yummy – Justin Bieber
Dir sidd ee super Mënsch, an dat ass eppes dat dir zu kengem Zäitpunkt vergiesse sollt. Esou kann äert neit Joer vill néi a positiv Erfarunge bréngen.



SCHÜTZE

Life Is A Rollercoaster – Ronan Keating
D’Liewen ass eng Achterbunn. Et mécht also ganz vill Spaass wann ee sech ganz einfach drop aléisst.



STEEBOCK

Beautiful People – Ed Sheeran
Bleift och weiderhin ewéi dir sidd. Et bréngt näischt sech fir anerer ze änneren. Da steet ärem gudde Joer näischt am Wee.



WAASSERMANN

Yes Please – Poo Bear
Dir musst net ëmmer zu allem jo soen, wann et iech net gefält. Sidd éierlech mat iech an ärer Ëmwelt, dann ass dëst Joer méi erfëllt ewéi dat Lescht.



FËSCH

Own It – Stormzy
Dir hutt d’Kontroll iwwert iech an äert Liewen. Gitt äert Bescht an de Recht wäert sech schonn erginn.