„Dry January“Wat bréngt de Verzicht op Alkohol?

E Mount laang op Alkohol ze verzichten ass fir déi eng en Deel vun de gudde Virsätz. An effektiv huet de Verzicht eng Rëtsch positiv Auswierkungen.

Leschten Update: 06.01.2020, 04:00:02

© Eldoradio

Hutt dir esou richteg an d'neit Joer eragefeiert an 2020 ass direkt emol mat engem décke Kapp lass gaangen? Da wier wuel ee gudde Virsaz, fir manner oder villäicht esouguer komplett op Alkohol ze verzichten. Dat kléngt zwar elo radikal an deem een oder engen e bëssen no ze vill des Gudden, ma d'Abstinenz – och wann se net d'ganzt Joer dauert – huet duerchaus positiv Effekter. 

Den Alkoholverzicht als Selbsttest
Den „dréchene Januar“ klengt iergendwéi, wéi eng Entschëllegung un den eegene Kierper, virun allem un d'Liewer, fir dat, wat een deenen am Dezember ugedoen huet.

Ma nieft dem gudde Gewëssen huet en duerchaus Virdeeler, fir de Kierper, de Kapp an och fir déi Méint, déi nach kommen. Fir d'éischt ass e Mount ouni Alkohol e gudden Test fir déi eege Konsequenz, d.h. fir erauszefannen, ob een et iwwerhaapt duerchhält, ouni dobäi déi ganzen Zäit un dat nächste Glas ze denken. Grad bei engem gemittlechen Owend mat Kollegen dierft dat deem engen oder aneren awer duerchaus schwéier falen.

De Kierper ka sech erhuelen
Analysen hunn iwwerdeems gewisen, dass déi, déi de Januar ouni Alkohol duerchgehalen hunn och an de Méint duerno manner Alkohol gedronk hu wéi virdrun. A wann, dann hunn déi meescht dat och méi bewosst gemaach. Natierlech huet dat Ganzt och gesondheetlech Avantagen.

Wie schonn emol iwwer méi laang Zäit op Alkohol verzicht huet, dee wäert festgestallt hunn, dass ee vill besser schléift an een sech och soss besser fillt. D'Liewe zitt och hiren Notzen doraus a kann entfetten an domat gëtt se och méi kleng. Allerdéngs dauert dat gären emol e puer Wochen. D'Harnseier, de Cholesterol an de Bluttdrock ginn erof an d'Moschläimhaut kann sech lues a lues erëm erhuelen.

Analyse weisen och, dass vill Leit sech am allgemenge méi fit spieren, dass d'Hautqualitéit sech verbessert an och d'Gewiicht erofgeet. An dat passt jo da gutt zum Virsaz am neie Joer e puer Kilo ze verléieren.

Och eng Reduktioun huet positiv Auswierkungen
Verschidden Auswierkunge konnten esouguer bei deene beobacht ginn, déi net ganz op Alkohol verzicht hunn awer ëmmerhin manner gedronk hunn.

Ma natierlech sollt een op kee Fall probéieren elo e Mount ze faaschten an da vu Februar bis den nächsten Dezember erëm alles dat nozehuelen, wat een un Alkoholeschem verpasst huet.