"TOI 700 d"NASA entdeckt "mënschefrëndleche" Planéit 

D'NASA huet eng nei Entdeckung am Weltall gemaach. Riets geet vun enger 2. Äerd oder vill méi engem Exoplanéit, deen als Äerd-Zwilling bezeechent gëtt.

10.01.2020, 04:00:18

© NASA/AFP/File/Handout

Jidderee mécht Feeler, et ass mënschlech an et gehéiert dozou. Dass dat och wëssenschaftleche Genien geschéie kann? Esou geschitt bei der NASA an e jonke Schüler huet dat Ganzt och nach opgedeckt. Fänke mer awer vu vir un. D'Wëssenschaft gëtt ëmmer viru gedriwwen, et wëll een Neies entdecken, dat fir eis Mënsche vu Notze ka sinn.

Lauschtert eran!

Genee dat ass ee vu villen Uspréch vun der NASA, der amerikanescher Autoritéit fir Raumfaart, déi jo schonn eng Partie Leit erfollegräich op de Mound geschéckt huet. Eng gréisser Entdeckung gouf dann elo nees gemaach. Fir eng alleréischte Kéier gouf e potenziell liewensfrëndleche Planéit entdeckt, dee vu senger Gréisst hier mat eiser Äerd ze vergläichen ass an op deem souguer méiglecherweis flëssegt Waasser ze fannen ass.


D'Entdeckung geet op d'Kap vum NASA-Fuerschungssatellit mam Numm "TESS". Deemno soll dësen Exoplanéit "nëmmen" ronn 100 Liichtjore vun eis ewech sinn an d'Klima gëtt aktuell als "mënschefrëndlech" agestuuft. Wéi een op der Internetsäit vun der NASA noliese kann, befënnt sech de Planéit an enger sougenannter gebonnener Rotatioun ëm de Stär. Dat heescht, dass et op enger Säit vum Himmelskierper nonstop hell ass, op där anerer Säit 24/24 däischter.

Zeréck bei de Schüler. Eigentlech wier et awer guer net zu dëser Entdeckung komm. Ufanks gouf de Planéit falsch klassifizéiert. Deemno wieren d'Temperaturen deene vun der Sonn méi änlech, ergo fir eis Mënsche vill ze waarm. Ma dass dat awer falsch analyséiert ginn ass, gouf ënnert anerem vun engem Teenie erausfonnt: Den Alton Spencer hëlleft nieft der Schoul der NASA a konnt esou dozou bäidroen, den neie Planéit mam Numm "TOI 700 d" z'entdecken.