Alternativ zum StreesalzBayern test Kornischonge-Waasser als Ersatz

Äschen, Sand, Granulat oder Kiselsteng kennt ee schonn als Streesalz-Alternativ. Ma wat ass da mam Waasser aus der Produktioun vu Kornischongen am Glas?

Leschten Update: 09.01.2020, 16:36:20

© ANDRE DURAND / AFP

Am Wanter si mir frou, wann op de Stroosse bei Minusgrade gestreet ass. An awer ass et eng Léisung, déi zwar hiren Zweck erfëllt, un där een awer vill Negatives fënnt. D'Salz ass net onbedéngt gutt fir den Auto, och den Déieren, déi driwwer lafen deet et net gutt a fir d'Natur an déi dat Ganzt duerno gespullt gëtt ass et och net immens. An dofir gëtt no Alternative gesicht, déi manner schiedlech sinn, déi et a grousse Quantitéite gëtt an déi eventuell och méi bëlleg sinn.

Bundesland an Entreprise profitéieren
Eng méi skurril Alternativ gëtt de Moment a Bayern ausprobéiert. Dobäi gëtt zwar nach ëmmer Salz benotzt, ma dëst kënnt aus engem recycléierte Produit, nämlech aus dem Waasser aus der Produktioun vu Kornischongen am Glas. Dofir schafft ee mat enger Entreprise zesummen, déi all Joer 17'000 Tonnen där kleng Kornischonge verschafft.
Bis ewell huet d'Entreprise, d'Waasser, dat bei der Produktioun entstanen ass, deier misste klären. Elo soll doraus eng Salzléisung hiergestallt ginn, déi duerno op der Strooss kann agesat ginn.

Fir d'Entreprise heescht dat, dass se dësen Offallproduit net méi deier muss klären, fir Bayern heescht et, dass ronn 700 Tonne Salz a 4,9 Millioune Liter Waasser gespuert ginn. An dobäi kënnt, dass dëst Salz vill manner schlecht fir d'Natur ass.

Sand, Äschen an Äscht nëmmen a klengem Mooss eng Alternativ
Privat sinn natierlech Alternative wéi Sand, Äschen a Seemiel oder Äscht vun Dännen och eng Optioun. Déi mussen awer iergendwann och erëm ewechgekiert oder agesammelt ginn.
Fir de groussflächegen Asaz sinn se net nëmmen dowéinst also manner eppes. Dat selwecht gëllt wuel och fir kleng Kiselsteng oder e Granulat aus Toun, dat een och aus de Blummendëppe kennt.

Performant Alternative fir Stroossenasaz ze deier
An der Tëschenzäit ginn et awer och eng Rëtsch industriell Alternative fir d'Streesalz. Do sinn déi eng op Basis vu sougenannter Ameiseseier oder Kalziumchlorid. Dës sollen onbedenklech fir d'Natur, komplett ofbaubar, méi wierksam an iwwerall asetzbar sinn. Ma hire Präis ass am Verglach zum klassesche Salz trotzdeem relativ héich.

Et ginn also genuch Alternativen zum Streesalz. Mat Ausnam vum Pilotprojet a Bayern, sinn déi meescht an deem Ëmfang, wéi se bei Schnéi op de Stroosse gebraucht ginn awer wuel nëmmen am privaten oder lokal begrenzt eng wierklech Alternativ.