Prënz Harry a MeghanHir Wuessfigure gi bei Madame Tussauds ëmgestallt

Madame Tussauds zu London reagéiert op de "Megxit": d'Wuessfigure vum Prënz Harry a Meghan gi vum Rescht vun der Kinneksfamill ewech-geréckelt.

Leschten Update: 10.01.2020, 06:29:38

© AFP/Archives/Adrian DENNIS

D’Ukënnegung vum brittesche Prënz Harry a senger Fra Meghan, sech vun hire royale Flichten zeréckzezéien, huet net nëmme fir dat brittescht Kinnekshaus Konsequenzen, mee och fir aner Institutiounen a Groussbritannien.

Dat weltbekannte Wuess-Figurekabinett Madame Tussauds zu London huet  matgedeelt, dass d’Figure vum Prënz Harry a senger Fra Meghan, vun de Figure vun der kinneklecher Kär-Famill wéi der Queen Elisabeth II, ewech-geréckelt ginn.

Offiziell huet de Buckingham Palace Verständnis fir „hire Wonsch een anere Wee anzeschloen“, wéi et heescht, mee brittesch Medie mellen, dass d’Koppel d’Queen net doriwwer informéiert hätt.

Anscheinend wier d’Queen an de Rescht vun der Famill, iwwert hir Entscheedung, eréischt iwwer Instagram informéiert ginn, wéi de ganze Rescht vun der Welt. Anscheinend wier d’Queen dowéinst zu déifst enttäuscht an extrem traureg.

Den Harry an d’Meghan gi wéinst deem Ganzen an de brittesche Medien och vill kritiséiert a kréien Egoismus an Heuchlerei virgeheit. Dat Ganzt gëtt elo och, als Uspillung op de Brexit, als „Megxit“ bezeechent.