"Wer hat an der Uhr gedreht?"Sport verstellt déi bannescht Auer

Villes bréngt äre kierperleche Rhythmus duercherneen. En Jetlag, Kaffi oder ze vill Ecran. Sport beaflosst är bannescht Auer och – positiv!

Leschten Update: 10.01.2020, 12:46:50

© Pexels

Déi bannescht Auer ass déi, déi definéiert, wéini dir midd gitt, awer och wéini dir am Laf vum Dag är Toppform erreecht. Dorun hänkt net nëmmen är kierperlech Fitness, mee och är mental Leeschtungsfäegkeet. Wärend Kaffi a kënschtlecht Liicht är biologesch Auer stéieren, hu Fuerscher elo endlech eppes fonnt, wat äre Rhythmus erëm an d’Rei bréngt: Sport.

De Shawn Youngstedt a säin Team vun der Arizona State University hu rausfonnt, dass eis bannescht Auer duerch kierperlech Aktivitéit souwuel no vir, wéi och no hannen ëmgestallt ka ginn. Wichteg ass virun allem, wéini dir trainéiert.


Bei hirer Etüd hunn 101 Männer a Frae matgemaach. Fir d’Auer mol sou richteg op d’Kopp ze stellen, missten d’Kandidate 5 Deeg um Stéck en extreme Rhythmus anhalen. Si missten ëmmer 60 Minutte wakereg sinn, an direkt duerno 30 Minutten ze schlofen – oder et op mannst ze probéieren. No all Zyklus vun 90 Minutte gouf de Melatonin am Urin gemooss.

No dëse 5 Deeg koum de Sport-Aspekt dobäi. D’Kandidate misste fir weider 3 Deeg jeeweils 1 Stonn Sport den Dag maachen, jeeweils an 8 verschiddene Gruppe mat verschiddenen Zäiten.

Lauschtert hei de ganze Reportage

D’Resultat weist: Dir kënnt är bannescht Auer mat Sport steieren! Maacht dir moies um 7 oder Mëttes tëscht 1 a 4 Sport, réckelt déi em bis zu 90 Minutten no vir. Wien owes tëscht 7 an 10 Sport mécht, suergt dofir dass seng bannescht Auer em bis zu 2 Stonnen no hanne gestallt gëtt.

Am nächste Schrëtt wëllen d’Wëssenschaftler kucken, ob e méi intensiven Training den Effekt vu Sport op d’biologesch Auer nach verstäerkt.