Mécht Spinat wierklech staark?Uebst a Geméis am Mythen-Check

Uebst a Geméis si gesond. Wärend mir hei vun enger Tatsaach schwätze kennen, ginn et e puer ongekläerte Saachen an der Welt vum Geméis a vum Uebst.

Leschten Update: 13.01.2020, 06:26:23

© Pexels

An apple a day keeps the doctor away

Dat gëtt mol sou behaapt an och reegelméisseg als Hashtag bei Instagram benotzt, wann ee senge Follower houfreg weist, wéi gesond ee sech erniert. Ma wat ass un deem Sproch drun? Fakt ass: Och Mënschen déi 365 Äppel am Joer iesse gi mol krank. Ma trotzdeem ass den Apel eng Vitaminne-Bomm. Vitaminn B, C an E a wichteg Mineralstoffer wéi Magnesium, Calcium an Eisen stiechen dran. Doriwwer eraus fërdert de Ballaststoff Pektin d’Verdauung an et bleift ee laang sat. Och den Duscht verschwënnt: En Apel besteet zu 85% aus Waasser.

Spinat mécht staark 

Wat sech jiddereen deen eng Kéier Popeye gekuckt huet schonn ëmmer gefrot huet: Kritt ee vum Spinat méi Muskelen? De Bizeps wiisst zwar net automatesch, effektiv hëlleft et beim Kraafttraining awer, wann ee vun Zäit zu Zäit Spinat ësst. Duerch d’Nitrater kënnen d’Muskele mat manner Sauerstoff méi leeschten. Dieteticienne vergläichen d’Wierkung souguer mat där vun Anabolika.

Muerte si gutt fir d’Aen a fir den Teint

Nees eppes aus der Kategorie: Wann d’Bom dat seet, da muss et stëmmen. Soe mer sou, wann dir Lënsen oder e Brëll braucht, hëllefen och keng Muerte fir besser ze gesinn. Ze mann Vitaminn A, an dovun hu Muerten der genuch, an är Vue kann awer drënner leiden.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Muerten hunn en zweeten Effekt: Bëbeeën, déi Muertebräi iesse gi jo richteg orange. Dat läit um Beta-Carotin. An och wann dat natierlech keng Sonnecrème ersetzt, gëtt d’Haut méi resistent géint UV-Stralen.

Grompere maachen déck

Zum Schluss e klore Fall: Gromperen u sech maachen net extra déck. Se huet zwar vill Kuelenhydrater, dofir awer net vill Kategorien. Wat ee fir Fritten a Chipsen net méi behaapte kann.