Keng Parkplazen a laang SchlaangenWat beim Akaf am Supermarché nervt

Déi eng gi gäre Weekends akafen, anerer maachen hier Akeef ënnert der Woch. Egal wéi een Typ een ass: Jiddereen ass vun deene selwechte Saache genervt.

13.01.2020, 04:23:37

© Pexels

Et ass Samschde Moie kuerz virun 10. De Weekend ass nach jonk, d'Stëmmung kéint deementspriechend net besser sinn. Elo just nach séier an de Supermarché an da steet eng déck Portioun Fräiheet um Programm!

Tëscht iech an ärer Fräiheet leien awer leider nach e puer Momenter, déi iech alles ofverlaange wäerten. Ma da komm mir gi mol akafen!

Déi éischt Erausfuerderung erwaart iech scho virun deem dir iwwerhaapt dobanne sidd. Et ginn zwar vill Parkplazen, leider awer och vill Leit, déi dee selwechte Plang hunn, wéi dir. Dir dréit Tour op Tour a fannt endlech eng Parkplaz, mierkt awer séier, dass dat näischt gëtt, well en décken SUV direkt 2 Plaze blockéiert.

Hutt dir schlussendlech eng fonnt, geet et nach net direkt an d'Geschäft eran. Iwwert d'Feierdeeg gouf jo genuch gedronk, héich Zäit de Vidange endlech lasszeginn. Beim Automat ukomm, gräift dir an d'Tut mat den eidele Fläschen a begladdert äre frësch gewäschene Pullover. All 2. Fläsch hëlt den Automat einfach guer net un.

Dat bréngt iech awer och net aus der Rou. Dir sidd endlech dobannen an déi éischt Fro, déi iech an de Kapp schéisst: Ass scho rëm Hellegowend oder firwat stinn op all Quadratmeter 3 Caddien a 5 Persounen?!

Lauschtert hei de ganze Reportage

Dir schlot iech mat ärem Weenchen also duerch d'Mënschemassen. Et richt, et ass waarm an iech rennt e Mann an de Caddie, well en d'Aen just um Handy huet. An elo hutt dir scho 15 Minutten no ärem Laktos-fräiem Shampoing gesicht... kee Vendeur wäit a breet! Da gëtt sech d'nächst Woch eben net geduscht, hei muss et weidergoen.


Dir hutt alles a schlot iech mat engem leschten Effort bis bei d'Keesen duerch. Ënnerwee begéint dir 3 Probéier-Stänn a Prozenter an alle Faarwen a Gréissten. Ma och eng Vendeuse, déi iech virdrun am Hygiène-Rayon méi bruecht hätt. Egal! Dir hutt et gepackt, gesitt d'Keese virun iech, leider awer och dass der nëmme 4 vun 10 op sinn a wéi et schéngt jiddereen e Stot vun op mannst 7 Persounen huet.


Et ass endlech un iech, d'Keessjee scannt nëmmen nach d'Papaya an dat war et. Oder net? Si kuckt iech mat deem enge Bléck un a freet ob dir d'Clientskaart hutt oder maache wëllt? 

Nee, dat wëllt dir net. Dir wëllt just nach heem.