Dress-Code am JobWéi eng Roll spillen d’Kleeder?

Kleedervirschrëften am Job – dat kléngt iergendwéi almoudesch. Jeans a Sneakers passen dach ëmmer, oder?

14.01.2020, 06:32:34

© AFP/GEOFF ROBINS

Een offiziellen Dresscode gëtt et haut just nach a wéinege Branchen an Entreprisen. Mat der Kleederwiel decidéiert sech awer, wéi déi aner Mënschen ee gesinn.

Dass ee Mataarbechter vun enger Bank just seriö eriwwer kënnt, wann en entspriechend gekleet ass- ass kloer.  Cliente wiere soss net bereet, him hir Suen unzevertrauen. Mee och an enger Firma mat konservative Kleedervirschrëften gëtt et haut méi moudesche Spillraum wéi fréier.  Am Plaz vum Boxekostüm kann eng Fra och ee faarwege Rack undoen. Haaptsaach et wierkt gefleegt.

Mee och an Entreprisen ouni offiziell Reegelen ass et net egal, a wéi enger Garderobe d‘Matarbechter am Job-Alldag optrieden. Ween net opfale wëllt, soll sech dorun orientéieren, wat d’Kolleegen unhunn. Ass den Dresscode an enger Firma éischter méi locker, mécht ee mat Jeans, Pullover a Sneakers näischt falsch. Ween hei ze schick oder elegant optrëtt, ka séier iwwerhieflech eriwwer kommen - esou wéi wann ee sech wéilt ofgrenzen.

Ween nei an enger Firma ass, soll sech virop iwwert de Kleedungsstil informéieren. Eng Iddie kritt een zum Beispill iwwert d‘Photoen op der Homepage vun der Firma. Personalcheffen recommandéieren, deen éischten Dag léiwer e méi ee klasseschen Outfit ze wielen. De ganze Rescht ergëtt sech dann am Alldag.

Och wann een am Optrag vun der Firma op enger Foire oder soss engem Event vertrueden ass, soll een nofroen, wéi ee Kleedungsstil ugesot ass. Allgemeng gëllt: léiwer méi traditionell wéi ze vill ausgeflippt.

Dat gëllt ëmsou méi, wat di eege Positioun méi héich ass. Wee seng Firma an engem ze vill relaxen Outfit no bausse vertrëtt, riskéiert hirem Image ze schueden an domat och hirem Erfolleg.