Fitness-Trends 2020Sou geet Sport am neie Joer

Neit Joer, dat heescht och nei Workout-Trends. Wat dominéiert 2020 am Fitness-Beräich?

Leschten Update: 15.01.2020, 04:34:25

© dpa/AFP/Archiv/Sebastian Willnow

Mam neie Joer kënnt bei ville Leit och eng nei Motivatioun, fir nees reegelméisseg Sport ze maachen.  Déi nei Fitness-Trends sollen eis dobäi hëllefen.

Schonn an de leschte Jore konnt ee kloer Tendenzen erkennen, wat Trendsportaarte betrëfft: Trainingsunitéiten, déi méi kuerz, awer méi intensiv sinn, oder och nach d‘Smartwatchen, déi all klengste Fortschrëtt dokumentéieren. Elo hunn d’Fitnessexperten verroden, wéi eng Trends si fir 2020 erwaarden.

Yoga mat neie Variatiouen

Experten ginn dovun aus, dass d’Aart a Weis, wéi mir Yoga maachen, sech komplett verännere wäert. Ganz um Komme wier deemno Yoga HIIT – eng Mëschung aus usprochsvollen Dehnungsübungen an intensivem HIIT (High Intensity Intervall Training).

Ee Fitness-Trend, dee bleift: Wearables

Ganz egal, wéi oft d‘Kollege mat an de Sport ginn, eisen treiste Begleeder wäerten d‘Wearables sinn. Smartwatchen, Bolsmiesser, Fitnesstracker a Co. sinn och 2020 ee vun de gréisste Fitness-Trends. Den eegene Fortschrëtt hu mir esou ëmmer am Bléck – kee Wonner, dass sech dësen Trend hält.

Regeneratioun a gesonde Schlof gi méi wichteg

De Sport ass dëst Joer net méi esou staark leeschtungsorientéiert. 2020 schenke mir den Erhuelungsphasen tëscht den Trainingsunitéite méi Opmierksamkeet. Dozou gehéiert virun allem gesonde Schlof. Awer och gutt Ernierung, Massagen an ee reegelméissegen Check-Up beim Dokter.

Functional Training

Functional Training ass scho laang bei ville Sportler beléift – 2020 gëtt d‘Kombinatioun aus Zéien, Hiewen an Hocken awer nach méi wichteg. Awer och d‘Ausdauer spillt beim Funktionstraining eng grouss Roll.

Ofwiesslung

Wat sech 2020 ëmmer méi weist, ass de Wonsch no Ofwiesslung. Just Kraafttraining? Just Lafen? Dat war eemol. Vill Sportler wëlle vill verschidde Sportaarten an hirem Trainingsplang kombinéieren, fir méi Ofwiesslung an ee ganzheetlechen Training ze hunn.

Fazit

Fir ze resuméieren wäert een 2020 beim Sport méi op den eegene Kierper lauschteren, verschidden Trainingsaarten nei kombinéieren a Fitnesstracker nach méi notzen. Mat dësen Trends loosse sech di gutt Fitness-Virsätz jo da vläicht méi einfach ëmsetzen.