Hondsnimm am TrendBello a Co. war gëschter

Et gi scho ganz aussergewéinlech a skurril Nimm fir de beschte Kolleeg vum Mënsch. Eng Statistik aus Däitschland weist awer de Géigendeel.

Leschten Update: 13.01.2020, 16:51:38

© Pexels / Sebastian Coman Travel

Et trëppelt een duerch d’Stroossen, bemol héiert een: "Sam! Max! Kira! Direkt heihin!" Et dréint ee sech ëm an et sicht een d'Kanner, no deene geruff gëtt. Ma schlussendlech sinn et net d'Kanner, déi net op hiren Numm reagéieren, mee dräi Muppen, déi alles anescht ewéi op de Meeschter lauschteren.

Kuckt een d’Statistike vun engem Hond-Sitter-Service aus Däitschland gesäit een, dass Muppen ëmmer méi dacks op en Numm, wéi dee vun enger Persoun aus eisem Frëndeskrees, lauschteren. Wat fréier Bello war ass haut éischter Bruno, Charly a Lilly.

Et wonnert also wéineg, dass d'Top-3-Placéierunge vun de beléiftste Muppenimm och Nimm aus enger Schoulklass kéinte sinn.

Op der 3. Plaz läit Kira, op der 2. Plaz Max a Spëtzereider, also de meescht benotzten Hondsnumm an Däitschland, ass Luna.

Ausser Fro ass deemno, dass déi Mënschen, déi innovativ wëlle sinn, dacks op Nimm vun Disney-Charakteren zeréckgräifen.

Op Plaz fënnt een den Numm Nala, deen och aus dem Klassiker "The Lion King" bekannt ass oder op Plaz 9 de Balu, deen Disney-Fans natierlech aus dem "The Jungle Book" e Begrëff ass.

Allgemeng fält op, dass Hondsnimm kuerz a knackeg sinn. An dat ass och gutt esou. Een Hond verhält sech nämlech net den Numm, mee d'Vokaler. Wann ee Mupp Timmi heescht ass dat besser ewéi Tom, einfach well een de leschte Buschtaf, e Vokal, am meeschten héiert a genee dorop reagéiert den Hond.