Der "New York Times" noReesziler, déi 2020 op ärer Lëscht stoe sollten!

D'US-Zeitung "New York Times" huet och fir dëst Joer hir Reesrecommandatiounen erausginn.

Leschten Update: 14.01.2020, 19:05:46

Grönland. © Ritzau Scanpix/AFP/File/Linda Kastrup

Nieft dem populäre Ranking vum Reesguide "Lonely Planet", un deem sech all Joer Millioune Leit orientéieren, zielt och d'Lëscht 52 places to go vun der "New York Times" zu de beléiftste Recommandatiounen. Nieft de méi bekannte Reesziler wéi Kopenhagen, Paräis, de Bahamas an Tokyo, hunn et och eng Partie Plazen an d'Lëscht gepackt, déi engem net direkt an de Kapp kommen.

Lauschtert eran!

Esou zum Beispill déi transsilvanesch Alpen a Rumänien. Virun allem leidenschaftlech Wanderer kommen hei op hir Käschten: genuch Wanderweeër, wonnerschéi Landschaften a grad esou schéi Vuen. Der US-Zeitung no soll den Domogled-Valea-Cernei-Nationalpark och ganz uewen op der Lëscht stoen: Schwammen ënnert Waasserfäll ass hei garantéiert.

 

Eis däitsch Nopere goufen och opgelëscht, ma net mat den typesche Metropolen, ewéi ee sech dat vläicht erwaart hätt. Mat dobäi ass dat däitscht Leipzig, dat als "Stad vun de coole Leit" beschriwwe gëtt. Der "New York Times" no iwwerzeegt Leipzig mat senger moderner Entwécklung, ma och déi lieweg Kulturzeen, grad wéi d'Nuetsliewe ginn ervirgehuewen.

 

Wie sech bei de Cowboyen doheem fillt, fir deen ass Austin am US-Bundesstaat Texas dat Richtegt. Dovunner ofgesinn, datt Austin 2020 eng gréisser Roll a Punkto US-Wale spillt, iwwerzeegt déi texanesch Stad virun allem duerch Musek, Konscht a richtegt gutt Iessen. Wie léiwer sportlech ënnerwee wëll sinn, ka mat Kanu iwwert de Lady-Bird-Lake fueren.

 

Wie sech am déiwen Äis doheem fillt, fir deen ass Grönland d'Zil. Der "New York Times" no ass et wéi Island, "just méi ofgeleeën an ouni déi vill Leit". Och wann d'Äisbierger als Synonym fir Grönland genotzt ginn, ass et d'Landschaft, déi hei d'Leit begeeschtert. Wéi d'US-Zeitung et beschreift: Gitt nach dohinner, esou laang et net komplett iwwerfëllt ass.

52 PLACES TO GO IN 2020

  1. Washington
  2. British Virgin Islands
  3. Rurrenabaque, Bolivia
  4. Greenland
  5. Kimberley Region, Australia
  6. Paso Robles, Calif.
  7. Sicily
  8. Salzburg, Austria
  9. Tokyo
  10. Caesarea, Israel
  11. National Parks, China
  12. Lesotho
  13. Colorado Springs
  14. Krakow, Poland
  15. Jodhpur, India
  16. Western Sweden
  17. Egypt
  18. La Paz, Mexico
  19. Grand Isle, La.
  20. Chow Kit, Kuala Lumpur, Malaysia
  21. Jevnaker, Norway
  22. The Bahamas
  23. Kampot, Cambodia
  24. Christchurch, New Zealand
  25. Asturias, Spain
  26. Haida Gwaii, British Columbia
  27. Austin, Texas
  28. Sabah, Malaysia
  29. Churchill, Manitoba
  30. Uganda
  31. Paris
  32. Lake District, England
  33. Tajikistan
  34. Antakya, Turkey
  35. Leipzig, Germany
  36. Lima, Peru
  37. Molise, Italy
  38. Copenhagen
  39. Richmond, Va.
  40. Mount Kenya
  41. Minorca, Spain
  42. Oberammergau, Germany
  43. Plymouth, England
  44. Atlantic Forest, Brazil
  45. Belle-Île, France
  46. Val d’Aran, Spain
  47. Mongolia
  48. Juliana Trail, Slovenia
  49. Addis Ababa, Ethiopia
  50. Transylvanian Alps, Romania
  51. Urbino, Italy
  52. Glacier National Park and Whitefish, Mont.