Keen HokuspokusEsou kritt dir 100 Joer

Deen ee versprécht een engem e Wonnermëttel an en aneren déi éiweg Jugend. Alles Geldmaacherei. Wat ee wierklech gesond hält, gëtt engem d'Natur.

15.01.2020, 07:30:22

© Pexels

Wann ee mol iwwert de Globus kuckt, a probéiert eraus ze fannen, wou d'Leit am längste liewen, da stéisst een zimmlech séier op Japan. Dat ass allerdéngs net dat eenzegt Land wou d'Leit richteg al ginn.

Et muss ee mol guer net esou wäit siche goen. Sardinien gehéiert weltwäit zu deene Plaze, wou d'Mënschen am eelste ginn. Do ass et also gutt méiglech, dass d'Bewunner ganz gemitterlech hiren 100. Gebuertsdag feieren. Dat gëllt allerdéngs och fir Okinawa a Japan, d'Hallefinsel Nicoya a Costa Rica, d'Insel Ikari a Griicheland an d'Stad Loma Linsa a Kalifornien an den USA.

Wann ee sech d'Liewensweis vun deene Leit ukuckt, da gëtt ganz schnell kloer, dass net iergendeen ''anti-aging''-Hokuspokus dohanner stécht.

Fir d'éischt ass et mol d'Ernierung déi hei opfält an zwar well se sech bal ëmmer Vegetaresch ernären. Heiansdo gëtt zwar och mol Fleesch g'iess, ma gréissten Deel awer net. Wat och nach eraus stécht ass, dass se sech vill beweegen, also Kierperlech aktiv sinn an net fëmmen.

Dat kléngt elo alles natierlech selbstverständlech, ma et ass allerdéngs net selbstverständlech dat e Liewe laang ze maachen. A genau déi Ausdauer an de Wëllen esou ee Liewen ze féieren, ass de Grond wisou déi Leit guer net esou seelen 100 Joer kréien.

Eigentlech ass et de gesonde Mënscheverstand, deen een heiansdo méi muss duerchloossen. Vill Geméis iessen, Kierperlech aktiv sinn, net fëmmen a virun allem Stress vermeiden an dat net just iwwert 1 Woch, 1 Mount oder ee Joer, mee iwwer ee ganzt Liewen.

Lauschtert eran