OppassenDofir sollt een d'Joreszuel 2020 ëmmer ausschreiwen!

Wann een d'Joer "2020" mat "20" ofkierzt, da kënnen Onéierlecher d'Joreszuel liicht veränneren.

Leschten Update: 14.01.2020, 11:28:40

© Eldoradio

Dat neit Joer stécht nach an de Kannerschong, a scho warne Verbraucherschützer virun enger neier Bedruchsmasch. Well dat neit Joer mécht et potentielle Gauner méi einfach, Dokumenter ze fälschen. Mee deen Ierger kann een sech erspueren, wann een elo gutt oppasst.

Et geet hei konkret ëm d’Joreszuel „2020“. Sou sollt een dëst Joer, Dokumenter a Bréiwer net mat „20“ ofkierzen. Et sollt een d’Joer „2020“ ëmmer komplett ausschreiwen.

Huet een zum Beispill de 5. Januar 2020 ee Vertrag ofgeschloss an et schreift een nieft der Ënnerschrëft 5.1.20, da kéint een Onéierlechen, de Vertrag esou ausgesi loossen, wéi wann een dëse Vertrag schonn d’lescht Joer ënnerschriwwen hätt. Dozou muss een nëmmen un de leschten zwou Zuelen iergend eng Joreszuel dobäifügen, zum Beispill 5.1.2019 also "19" dobäi fügen. De Vertragspartner kéint da versichen een ofzezocken a behaapten, et hätt een 1 Joer laang nach net bezuelt. Am schlëmmste Fall kéint ee souguer verklot ginn.

Anerersäits kéint den Onéierlechen och en Abo verlängeren, a behaapten, et hätt een den Abo net bis den 31.12.2020, mee bis den 31.12.2025 geholl. Et  bréicht also just di „25“ dobäi ze fügen.

Wien also op Nummer sécher wëll goen, an onnéidege Stress vermeide wëll, sollt an Zukunft dorop oppassen, bei wichtegen an offiziellen Dokumenter d’Joreszuel auszeschreiwen. Vill Aarbecht ass dat jo net. D’Nächst Joer dierf een dann nees méi faul sinn an ofkierzen. Do ass et dann nämlech net méi sou einfach.

Lauschtert hei d'Reportage am Toun: