Hautzellen an 1 Liter SchweessOp kee Fall mat de Kleeder op d'Kusch!

Et kënnt een Heem a fir d'éischt leet ee sech fir e puer Minutten op d'Kusch. Dat kann ee maachen, ma net mat de Kleeder déi een dobaussen unhat.

Leschten Update: 15.01.2020, 07:30:13

© Unsplash

Den Aarbechtsalldag ka scho mol zimmlech stresseg sinn. Sou ass et dann och kloer, dass ee sech op der Schaff och dacks drop freet fir sech doheem nëmmen nach bei d'Tele ze leeën.

Natierlech maachen dat ganz vill Leit an eigentlech gëtt et dobäi och kee Problem, ausser et leet e sech mat deem Gezei bei der Fernsee, wat een de ganzen Dag iwwer unhat. D'Erklärung wisou ass simpel, ma och zimmlech eekeleg.

De Mënsch stéisst nämlech am Dag ronn 500 Milliounen Hautzellen of a verléiert bis zu 1 Liter Schweess. Dat lant natierlech alles an der Kleedung. Elo kann een natierlech behaapten a soen et wier net schlëmm, well dat jo dann alles vun engem selwer ass. Ma dat stëmmt allerdéngs net esou ganz. Wann ee sech am Dag dacks op Plazen ophält wou vill Leit sinn, zum Beispill am Zuch, Bus oder esouguer am Restaurant, da schleeft ee quasi alles mat, wat sech do esou Onsiichtbaares ronderëm dreift.


Esou ass et also kloer, wann ee sech mat senge Kleeder, déi een e puer Stonnen un hat, op seng Kusch oder op d'Bett leet, dass dat net ganz hygienesch ass. Dobäi kënnt, dass Bakterien an Organisme wochelaang un der Kleedung kënnen iwwerliewen. Esou bleiwen déi also och eng gutt Zäit op der Kusch oder am Bett.

E puer Hygiènefanatiker kréien elo bestëmmt eng u sech. Ma do kann een allerdéngs eppes dogéint maachen. D'Kleeder reegelméisseg wäschen a wann een Heem kënnt, sech einfach mol an en Jogging geheien an dann eréischt d'Féiss héich leeën.

Esou muss ee sech kee Kapp maachen ob net awer e puer Milliounen Hautzelle vu frieme Persounen op der eegener Kusch leien.

Lauschtert eran