NogefrotFirwat ass et de Moment ongewéinlech waarm?

Eigentlech hat een de Januar esou an Erënnerung: Kleeder iwwer Kleeder undoen an all Dag den Auto entäisen. Ma vum Wanter spiert een aktuell net ganz vill.

Leschten Update: 14.01.2020, 16:38:44

© Eldoradio

Leit, déi de Wanter net esou gären hunn, kënne sech de Moment jo eigentlech net bekloen. Wann ee moies ëm 7 Auer an den Auto klëmmt, weist den Thermometer seele Minusgraden un. Engersäits huet dat Ganzt natierlech eppes mam Klimawandel ze dinn: Allgemeng klammen Temperaturen a mir kréien d'Suitte vun der Äerderwiermung ze spieren.

Lauschtert eran!

Ma dass de Wanter sech aktuell éischter wéi e Fréijoer ufillt, kann e puer Grënn hunn, esou den Adnan Ceman vu Meteolux: "Wisou et am Moment esou relativ méi waarm ass, ass datt mer en Déifdrocksystem hunn iwwert dem Atlantik, dat sech och deelweis och bis an den Azoren ausdeent. Mir kréie mat enger Südweststréimung zimmlech waarm Loftmassen an eis Géigend hei gelenkt." Doduerch wier et dann och relativ méi waarm, wéi an der Moyenne.

D'Wäerter aktuell sinn zwar ongewéinlech, awer op kee Fall onméiglech. Wann een déi lescht 30 Joer kuckt ass de Mount Januar relativ méi waarm ginn. Konkret sinn et dem Meteorolog no éischter d'Temperaturen nuets, déi an der Moyenne "manner kal" sinn. Den Adnan Ceman iwwert d'Wäerter am Mount Januar déi lescht Joren: "Den absolutte Minimum dee mer haten, war 1979 wat de Januar ubelaangt mat -17,8 Grad. An den absolutte Maximum, dee war mat 13,9 Grad 1975."

Déi global Keelt ass dem Chef vum meteorologesche Service no am Westen an Oste verdeelt an hänkt souzesoen op deene Plaze fest, ma an den nächsten Deeg soll sech dat awer änneren an och mir kënnen déi kal Temperaturen dann ze spiere kréien, esou den Adnan Ceman weider: "(...) dass ab e Freideg d'Temperature lues a lues erofginn an dat och kontinuéierlech bis déi nächst Woch. Do wäerten d'Temperature sech sou apendelen tëschent -3 an 3 Grad." 

Vun e Freideg u muss ee sech also nees op méi kill Temperaturen astellen, déi plazeweis verschidden ausfale kënnen. Ob mer nach e richtege Wanter kréien, konnt de Meteorolog aktuell net beäntweren, dat well länger Previsioune schwéier ze maache sinn an d'Wieder ëmmer changéiere kann. Wéi hien awer erkläert huet, ass de Wanter mol nach net e Mount am gaangen – Schnéi-Fans kënne weider hoffen!