P@22wU3RTDorop muss ee bei Passwierder oppassen

Wat ass bei engem séchere Passwuert wichteg a wat hëlleft iwwerhaapt net?

15.01.2020, 05:00:41

© Pexels

Passwierder gehéieren an Tëschenzäit zum Alldag dozou a jiddereen huet aner Tipps an Tricks, ewéi d’Passwuert am séchersten ass. Ma et ginn effektiv eng Partie Saachen, op déi een oppasse kann.

Lauschtert eran!

Wat ëmmer nees gesot gëtt: Ganz vill Extra-Zeechen ewéi d'Raut an d'Ausruffzeechen. Fir aner Leit ass ee Passwuert mat ville besonneschen Zeechen effektiv schwéier ze knacken, fir Computeren awer net. Dat virun allem dann, wann een den "a" zum Beispill duerch een "@" ersetzt.

Wielt een awer besonnesch Zeeche supplementär zu engem Wuert, gëtt d’Knacke méi schwéier. Dat hänkt domat zesummen, dass d’Passwuert einfach enorm u Längt gewënnt. Huet een ee Passwuert dat méi ewéi 15 Zeechen huet, brauch een einfache Computer esou méi ewéi ee Joer, fir de Code ze knacken.

E Passwuert méi dacks komplett ze wiessele kléngt vum Prinzip hier sënnvoll, ma ersetzt een et duerch eng relativ einfach Kombinatioun, bréngt dat eigentlech net vill. Dat heescht, wann een d’Passwuert wiesselt, soll et trotzdeem weiderhin e bësse méi komplizéiert bleiwen, och wann et engem schwéier fält, et ze verhalen.

Notéiere soll ee sech d’Passwuert awer natierlech och weiderhin net. Grad esou wéineg soll een den eegene Gebuertsdatum als Passwuert benotzen. Och si Kombinatiounen ewéi  "123456" oder d'Wuert "Passwuert" net ideal fir als Code ze benotzen. Dat sinn déi beléiftsten an déi am einfachste geknackte Passwierder weltwäit.