Grouss Tournéeën 2020Maroon 5, Billie Eilish, Dua Lipa & Justin Bieber

Wéi eng Bands a Kënschtler ginn 2020 op Tour?

15.01.2020, 14:00:03

© JC Olivera / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Lauschtert eran!

MAROON 5
Vu Februar bis September spille Maroon 5 am Ganzen 53 Concerte queesch duerch Süd- an Nordamerika a Kanada. Lass geet et den 1. Februar an der American Airlines Arena zu Miami an dee leschte Concert ass de 17. September zu Tampa a Florida. Als Special Guest hu Maroon 5 de Leon Bridges an d’Meghan Trainor mat dobäi.

View this post on Instagram

LINK IN BIO #M5TOUR2020

A post shared by Maroon 5 (@maroon5) on



JUSTIN BIEBER
Viru Kuerzem huet dann och den Justin Bieber eng Nordamerika-Tour mat 45 Optrëtter annoncéiert. Ufanks Januar huet de Bieber seng nei Single “Yummy” erausbruecht, en neien Album soll dann och ganz geschwënn nokommen.



DUA LIPA
“Future Nostalgia” soll dem Dua Lipa säin neien Album heeschen, e geneeë Release-Datum ass awer nach net bekannt. Dofir huet hat senge Fans awer schonn d’Datumer vu senger grousser Europa-Tournée matgedeelt. Besonnesch interessant dierfte fir di lëtzebuergesch Fans d’Optrëtter zu Paräis, Antwerpen, Köln, München an Amsterdam sinn.


BILLIE EILISH
Mam Billie Eilish geet dann dëst Joer eng weider ugesote Kënschtlerin op Welt-Tournée, dat mat sengem Debut-Album “When We All Fall Asleep, Where Do We Go?”. Bis op e puer vereenzelt Concerten ass d’Tour scho komplett ausverkaaft.



GREEN DAY
De 7. Februar brénge Green Day hiren neien Album mam Titel “Father Of All Motherfuckers” eraus. Dee wäerte si hire Fans vum 8. Mäerz un op hirer “Hella Mega Tour” live presentéieren. Am Ganze spille Green Day 47 Concerten an Asien, Europa an an Amerika.



DIE ÄRZTE
Am November an am Dezember vun dësem Joer spillen och d'Ärzte eng grouss "In The Ä Tonight"-Tour duerch Däitschland, Éisträich an d’Schwäiz. A manner ewéi 60 Sekonne waren alleguer d’Concerte komplett ausverkaaft. Eventuell kéint et awer sinn, datt d’Ärzte an nächster Zäit nach e puer Zousaz-Concerten annoncéieren.