Wandere mat Flip-Flops an illegal SandbuergenFirwat Touriste bestrooft goufen

Als Tourist wëll ee sou vill wéi méiglech vun enger Stad kenne léieren. D'Gesetzer kennt een awer léiwer schonn am Viraus! Soss kann et deier ginn.

Leschten Update: 14.01.2020, 17:19:14

© Pexels

Fir souwuel d’Nerven vun den Eenheemeschen, ma och d’Touristeplaze selwer ze schützen, ginn et op der Welt eng Jett skurill Reegelen, un déi sech Touristen hale mussen. Dat huet viru kuerzem eng däitsch Koppel gespuert, déi sech op der berühmter Rialto-Bréck zu Venedeg Kaffi gemaach huet. Dës Aktioun huet sie am Ganzen 950 Euro kascht a si misste souguer d’Stad verloossen.

Op historesche Plazen däerf zu Venedeg nämmlech net méi gepicknickt ginn. Ma och wann ee sech zum Beispill op der Piazza San Marco op Trapen oder de Buedem sëtzt, muss ee blechen. Wien am Bikini oder der Schwammbox an der Stad ennerwee ass, bezillt 200€ Strof.

Mir bleiwen an Italien: Zu Triest huet en Eisträicher eng Hängematt tëscht 2 Beem opgespaant an eng Sieste gehalen. Eng 300€-Sieste. Mat esou Mossname sollen d’Parken an d’Beem geschütz ginn. Och an der italienescher Haapstad däerf ee sech net alles erlaben. zu Roum huet e Mann 500€ bezuele missen, well hien an den Trevi-Sprangbuer schwamme war. Do huet een d’Wuert "Sprangbuer" e bëssen ze eescht geholl.

Op Sardinien kascht et da souguer 3000€ wann ee sech Sand vun der Plage als Undenken mat heem hëlt. Op der Plage vun der däitscher Insel Sylt dogéint, däerf ee keng Sandbuerge bauen. Domat soll verhënnert ginn, dass de Sand no an no vu Waasser a Wand matgeholl gëtt. Mécht een et awer, kascht dat 1000€.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Op der Pazifik-Insel Palau därf zanter desem Joer keng Sonnecreme mat Inhaltsstoffer benotzt ginn, déi Koralle beschiedegen. Soss bedeit dat knapp 900€ Strof.

Wéi wichteg fest Schong beim Wandere sinn, verdeitlecht de Nationalpark Cinque Terre an Italien mat enger Geldstrof bis 2500€, wann ee mat Flip-Flops op Wanderweeer erwëscht gëtt.

Informéiert iech virun ärer nächster Rees also léiwer, wat an deem jeweilege Land alles illegal ass.