Serien-NewsStaffel 3 vu "YOU" kënnt!

De Schluss vun der zweeter Staffel huet schonn drop higedéit, elo ass et offiziell: d'Netflix-Serie geet virun!

Leschten Update: 14.01.2020, 17:22:42

© Screenshot YouTube

De 26. Dezember 2019 koum déi zweet Staffel vun der Netflix-Serie "YOU" eraus. Wat vill Fans sech no dem Schluss vun der zweeter Staffel denke konnten, ass dann elo vun offizieller Säit aus confirméiert ginn: "YOU" kënnt fir eng 3. season zeréck.


D'Serie ronderëm de Seriemäerder a Stalker Joe Goldberg soll 2021 viru goen. An den 10 Episoden op déi d'Fans sech freeë kënne sinn och dës Kéier nees de Penn Badgley an der Haaptroll, an d'Victoria Pedretti als Love Quinn, dobäi.