BBC Sound of 2020Gëtt d'Celeste deen neie Superstar vum Pop?

D‘BBC wielt all Joer Newcomer, déi dat musikalescht Joer bestëmme sollen. Op Plaz 1 vum "Sound of 2020"-Ranking lant d'Soulsängerin Celeste.

Leschten Update: 15.01.2020, 10:43:39


Dat 25 Joer alt Celeste ass net onbekannt am brittesche Museksbusiness. Hatt gouf scho mat 16 entdeckt. D‘Lily Allen huet d‘Celeste bei sengem Plackelabel ënner Kontrakt geholl, wou 2017 säin Debütalbum „Milk and Honey“ eraus komm ass. Haut soll d‘Celeste richteg duerchstarten, gleeft d‘Jury vum „BBC Sound“. Zu de 170 Membere vum Jury gehéieren Museksexperten, Journalisten, a Concertsorganisateuren.

Musikalesch a stëmmlech leien dem Celeste seng Lidder ganz no u senge Virbiller Ella Fitzgerald an Billie Holiday –an erënneren och un d‘Amy Winehouse. Instrumentéiert sinn d’Lidder ganz klassesch, a verzichte gréisstendeels op moderne Computersound.

Dat ganzt huet allerdéngs ee Schéinheetsfeeler. An de leschte Joren louch d‘BBC mat hire Gewënner oft komplett donieft. De Rapper Octavian, Gewënner vum leschte Joer, muss op säin Duerchbroch ëmmer nach waarden. Änlech goung et senge Virgänger Ray BLK a Sigrid. An de Joren virdrun goung et sou hallef gutt: den Jack Garratt an d‘Band Years & Years waren eenegermoossen erfollegräich.

Eng grouss Karriär huet dogéint de Sam Smith gemaach, de Gewënner vun 2014. De kalifornesche Trio Haim konnt 2013  dee Succès net erreechen.

2 Joer virdrun hat d‘BBC der Sängerin Jessie J als brittesch Äntwert op d‘Lady Gaga de groussen Duerchbroch viraus gesot – deen awer international net sou ganz komm ass

D’Wiel dëst Joer vum Celeste huet allerdéngs eppes Besonnesches: Am Februar erwaart d‘Celeste nämlech schonn deen nächste Präis. Hatt gëtt bei de Brit Awards zum Newcomer vum Joer ausgezeechent. D‘BBC geet mat senger Gewënnerin domat dëst Joer op Nummer sécher.