En Zant, Ënnerwäsch an NierestengDës skurril Objete vu Stare goufe scho versteet

Den Auto, an deem den Tupac erschoss gouf, ass elo versteet ginn. Dat ass awer bei Wäitem net dat eenzegt Skurrilt, wat an der Star-Welt versteet ginn ass.

Leschten Update: 15.01.2020, 12:35:04

© Pexels

Ugefaange mat 2 Kinneken. Dem Michael Jackson säi Kalzong huet 2008 de Besëtzer gewiesselt. Fir déi verréckt Zomme vun enger Millioun Dollar Dee war Beweismëttel an enger Ermëttlung géint de "King of Pop". Dem Elvis "King of Rock n' Roll” Presley seng Ënnerwäsch gouf fir verhältnesméisseg wéineg Suen, nämlech 8000$ Dollar versteet. Eng weider Ikon aus dem 20. Joerhonnert war ouni Zweiwel d’Marilyn Monroe. 1954, also 8 Joer viru sengem Doud, huet d’Schauspillerin eng Röntge gemaach. Dëst Röntgenbild ass 2010 fir 45.000$ versteet ginn.

Mir bleiwe bei verstuerwene Staren: Den David Bowie hat eng Kéier e puer Hoer un de Wuess-Musée Madame Tussaud's gespent. E Mataarbechter huet sech déi gekroopt a fir 18000$ bei eBay verkaf. E skurrille Kaddo huet den John Lennon senger Haushälterin an de 60er gemaach: En Zant vum Beatles-Member. D’Fra huet deen 2011 fir 31000$ verkaf.

Schnäize muss jidderee mol - wann e Star dat mécht, ass dat en "Happening". Huet sech och e Fan geduecht, deem e benotzt Nuesschnappech vum Scarlett Johansson 5300$ wäert war. Iesse wech ze geheien ass schuet. Ob een awer 3000$ fir en ugeknabbert Stéck Toast vum Justin Timberlake ausgi muss..?

Wa se grad net snacken, sti Museker natierlech gär op der Bün. Wéi d’Lady Gaga bei engem Concert 2012, bei deem hat e falschen Nol verluer huet. E Fan huet deen duerno opgeraf an en nach méi grousse Fan huet e fir 13000$ Dollar kaf. Hannert der Bün geschitt och vill: D’Britney Spears knätscht viru sengen Optrëtter gäre mol. En duerchgeknate Knätsch vun der Sängerin ass 2004 fir 14000$ iwwert den Dësch gaangen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Souguer mat Loft, déi d’Angelina Jolie an de Brad Pitt anscheinend schonn ageotemt haten, goufe 523$ gemaach.

Just nach eekleg ass de Fall vum Kiss-Bassist Gene Simmons. Hien hat Nieresteng, déi e Gott sei Dank lass ginn ass. Dofir huet lo en aneren se an dat fir ronn 15000$. Alt wéinstens fir e gudden Zweck...

Den James Blunt huet seng Schwëster op eBay versteet, fir dass hat nach rechtzäiteg mat engem Privat-Helikopter op e Begriefnis komme kann. Esou huet d’Emily Blunt du säin zukünftege Mann kenne geléiert.

E Fazit ass séier gezunn: Et ginn ze vill Leit mat ze vill Suen.