Schlecht LeeschtungKee Social Media virum Match

Fussballer, déi virun engem Match op diverse Social-Media-Plattformen ënnerwee sinn, sollen am Match eng méi schlecht Leeschtung ofliwweren.

Leschten Update: 22.01.2020, 15:42:15

© Unsplash

Mir maachen et alleguerten, all Dag, egal zu wéi enger Auerzäit an egal wou. Richteg, mir kucken op den Handy, mir scrollen duerch déi sozial Medien, dotëscht kréie mer nach Sträit mam Partner, well ee vill ze vill um Handy hänkt an och d'Kolleege kucken ee mat engem béise Bléck un, wann een éischter op dee klengen Ecran ewéi op säi Géigeniwwer fokusséiert ass. Der Universitéit TU vu Wien no kucke mer ganzer 84 Mol den Dag op eise Smartphone.

Lauschtert eran!

Datt déi ganz Social-Media-Welt gutt ewéi och manner gutt fir eis ass, ass jidderengem bewosst. Ma Fuerscher aus Brasilien sinn elo nach e Schrëtt weider gaangen a wëllen erausfonnt hunn, datt Fussballer, déi virum Match op de soziale Medien ënnerwee sinn oder och e Videospill zocken, eng éischter schlecht Performance um Terrain ofleeën. D'Fussballer sinn an dräi Gruppen agedeelt ginn an all Spiller huet en Test misste maachen, fir d'Opmierksamkeet ze testen.

Duerno kruten déi verschidde Gruppen ënnerschiddlech Aufgaben. Deen éischte Grupp huet 30 Minutte laang Videoe gekuckt, deen zweete war déi Zäit op Instagram, Facebook a soss Plattformen aktiv an deen drëtte krut eng Konsol dohigestallt an huet Fifa gespillt. Duerno gouf den Test vum Ufank widderholl, d'Spiller hu sech opgewiermt an e Match vun 90 Minutte gespillt. Déi ganz Prozedur gouf mat alle Gruppen eemol duerchgespillt.

Wat gouf festgestallt? D'Decisioun ëm d'Passe vum Ball huet sech verschlechtert, well déi geeschtlech Ermiddung geklommen ass. De Fuerscher no huet dat domat ze dinn, datt d'Veraarbechtung vun enger Well un Informatiounen duerch Social Media a Videospiller eis midd mécht. Eist Gehier gëtt méi lues a séier gutt Decisiounen ze treffen, wéi dat beim Fussball de Fall muss sinn, fält méi schwéier.

Links