Päck eran, Offall erausWann de Liwwerdéngscht de Knascht mathëlt

De Liwwerwon kënnt voll an d'Stad a fiert eidel nees eraus. Beim Camion, deen de Knascht siche kënnt, ass et genee ëmgedréit. Wéi passt dat zesummen?

23.01.2020, 14:09:25

© YouTube Screenshot

Den Dag geet dem Enn zou, et sëtzt ee sech an Auto oder Bus a freet sech, wann een Doheem ass an ofschalte kann – ma déi Freed ka sech och scho mol an d'Längt zéien. Richteg, et geet ëm de Stau, dee villen hei am Land Dag fir Dag de leschten Nerv kascht. Ma an anere Länner ass dat net vill anescht, och do stinn d'Leit am Stau an et gëtt probéiert, dem Problem Meeschter ze ginn, sou zu Stockholm.




Déi skandinavesch Stied gëllen a ville Beräicher als Virbild, ma dat kéint och an dësem Fall nees zoutreffen. D'Iddi hei ass folgenden Zenario: E Liwwerdéngscht fiert moies voll belueden an d'Stad eran an natierlech ouni Päck nees eraus. Bei de Camionen, déi de Knascht siche ginn a mathuelen ass et genee ëmgedréit: Déi fueren eidel an d'Stad a voll nees eraus.

Wisou net béides kombinéieren an eppes fir d'Ëmwelt a géint de Verkéiersproblem maachen? Elektresch Camionnetten, déi deemno och kee Kaméidi maachen, fuere mat Päck a Poubelle bei d'Clienten, liwweren aus an huelen de sougenannten dréchenen Offall, heescht gréisstendeels Pabeier oder Verpackungen direkt mat. Genee esou gëtt et zu Stockhom gemaach.

De Modell huet wuel Succès a gëtt zënter kuerzem am norwegeschen Trondheim ausprobéiert. Viru gutt zwee Joer ass d'Konzept "Älskade stad", wat iwwersat "beloved city" heescht, vun engem Liwwerdéngscht, engem Offallkonzern, enger Immobiliëfirma an der Stad selwer an d'Liewe geruff ginn. Zil: manner Stau, manner CO2-Emissiounen a manner Kaméidi.