„Do kritt ee jo gro Hoer“Wa Stress den Hoer iwwer d'Nuecht d'Faarf klaut

Normalerweis ginn d'Hoer iwwer laang Zäit ewech ëmmer méi gro. Bei verschiddene geschitt dat awer vun Haut op Muer. Dorun ass wuel Stress Schold.

Leschten Update: 24.01.2020, 16:12:10

© Pixabay

Gro Hoer si fir vill Leit eng Horrorvirstellung. Wie schonn emol moies opgestanen ass an en eenzelt grot Hoer am Spigel gesinn huet, dee weess, wéi een sech do fillt. Och wa gro Hoer u sech näischt aussoen, och net iwwer den Alter an duerchaus schéi kënnen ausgesinn, ass et fir vill Leit en Zeeche vun „al ginn“. Ma firwat Hoer vun Haut op Muer gro kënne ginn, dat wëllen elo Fuerscher erausfonnt hunn.

Stress kann Auswierkung op Hoerfaarf hunn
Fuerscher hunn sech natierlech mat deem Phänomen beschäftegt an u Mais nogewisen, dass et effektiv de Stress ass, deen den Hoer hir Faarf virzäiteg kann aussuckelen. Dofir hunn d'Fuerscher vum Harvard University and Harvard Stem Cell Institute wéi gesot Mais ënnersicht, nodeems si duerch Zoufall bemierkt hunn, dass sech dat donkelt Fell vun den Déieren ënner Stress wäiss verfierft huet.

De „Schued“ ass irreversibel
De Stress wierkt sech deemno op déi Stammzellen aus, déi déi sougenannte Melanozyte produzéieren. An déi si fir de Faarfstoff Melanin responsabel, deen den Hoer hir Faarf gëtt. Bei Stress setzen déi sougenannte sympathesch Nerve grouss Quantitéiten un Noradrenalin fräi, deen d'Stammzellen dozou animéiert vill Melanozyten ze bilden. A well all d'Stammzellen aktiv ginn an dat maachen, ass de Reservoir ganz séier um Enn. Normalerweis produzéieren déi nämlech nëmmen dann, wann en Hoer a seng Wuesstemsphas antrëtt.

Dat blöd dobäi – op d'mannst fir déi, déi keng gro Hoer wëllen – ass, dass de „Schued“ permanent ass. No e puer Deeg waren nämlech bei den Déieren, déi duerch geziilte Péng ënner Stress gesat gi sinn, d'Stammzellen, déi d'Faarf produzéieren, komplett verschwonnen.

Gro Hoer heescht Stäerkt, Vertrauen an Erfarung
An engem Commentaire zu der Analys gi Fuerscher vun der Universitéit vu Virginia iwwerdeems dovun aus, dass den Effekt duerchaus och e soziale Sënn huet. Gro Hoer ginn dacks mat Erfarung, Vertrauen a Stäerkt associéiert. Beschte Beispill sinn d'Gorillaen.
Eventuell kéint et esou sinn, dass en Déier, dat vill Stress huet missten erdroen an dofir gro Hoer huet an der Hierarchie méi wäit uewe steet.

Entdeckt dir also e grot Hoer op ärem Kapp, dann ass dat kee Grond fir Panik. Villäicht ass et einfach en Zeeche vun Erfarung a Stäerkt.




Links